Am PortraitDe Mineralie-Kënschtler David Giacomini

Sandy Elsen
Den David Giacomini kreéiert Konschtwierker aus selwer geziichten, syntheetesche Kristallen an natierleche Mineralien.
Konscht aus Mineralien
Den David Giacomini am Portrait

Den David Giacomini ass haaptberufflech Biologiesproff an hëlleft Dag fir Dag jonke Leit, déi faszinéierend Mechanisme vum Liewen ze verstoen. Abseits vum Klassesall kreéiert hie Konschtwierker aus selwer geziichte Kristallen a natierleche Mineralien, déi international Opmierksamkeet erreegen. Eng RTL-Ekipp huet dem David Giacomini beim Schaffen a sengem Atelier iwwer d'Schëller gekuckt a war mat him op d'Grouf.

Schonn als Kand war den David Giacomini begeeschtert vu Mineralien an huet probéiert, seng eege Salzkristaller ze ziichten. Virun zirka 10 Joer huet hien als Biologiesproff, am Kader vun engem Projet, mat Schüler Koffersulfatkristaller wuesse gelooss. D'Reschter vun de Chemikalien hat hie mat heem geholl, fir spéider eventuell bei weidere Projete verschaffen ze kënnen.
Inspiréiert vun der Serie "Breaking Bad" vum Vince Gilligan huet hie mat de Chemikaliereschter experimentéiert, nei syntheetesch Kristalle geziicht an du probéiert, dës op natierleche Mineralie wuessen ze loossen. Aus Spaass huet hie sech dobäi gefilmt a seng Experimenter op Instagram gepost. Net just Mineralogie-Fans, ma och Professioneller aus deem Beräich sinn doduerch op den David Giacomini a seng Kreatiounen opmierksam ginn.

Zanter e puer Joer presentéiert hie seng besonnesch Konschtwierker och op grousse Mineralien-Ausstellungen. Seng Präsenz 2025 op der Mineral & Gem Foire zu Sainte-Marie-aux-Mines, déi sech als weltwäit Referenz etabléiert huet, war fir hien ee reegelrecht Sprangbriet zu internationaler Bekanntheet als Mineralie-Kënschtler.

Dëse Februar war den David Giacomini agelueden, als Special Guest bei der gréisster Mineraliefoire vun der Welt, der Tucson Gem and Mineral Show an den USA dobäi ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO