Et gëtt vill gelies an der Redaktioun. Hei also den zweeten Deel vun den RTL-Mataarbechter hirer Liblingslektür vum Joer 2023.

Wéi och beim leschten Artikel scho gesot, sinn d'Bicher, déi presentéiert ginn, net onbedéngt nei um Bichermaart. Eenzege Krittär war, dass se eis dëst Joer sollten e puer freedeg Stonne bereet hunn.

Lea Schwartz (Tëlee) - "Das Flüstern der Feigenbäume", Elif Shafak

Dat Buch huet mech an eng Zäit an op eng Plaz bruecht, vun där ech nach esou gutt wéi näischt wosst. An de 1970er Joren ass Biergerkrich an Zypern a mir begleeden d'Libesgeschicht vum Kostas a vum Defne. Hien ass Griicheschen Zypriot, hatt ass Tierkesch Zypriotin. Hir Geschicht begleede mir bis an d'2010er Joren a London. D'Elif Shafak schreift poetesch an ass eng excellente Geschichtenerzielerin. Ganz besonnesch ass dann och d'Perspektiv vum Figebam aus deem senger Siicht verschidde Kapitel geschriwwe sinn. D'Buch ass souwuel wonnerschéi wéi och tragesch an ech denken nach oft doriwwer no.

Annick Goerens (Radio) - "The Well of Loneliness", Radclyffe Hall

„The Well of Loneliness“ vun de brittescher Auteur Radclyffe Hall ass e Klassiker vun der queer literature. De Roman ass zum Deel autobiographesch an erzielt d‘Liewe vun der lesbescher Stephen Gordon. Si ass an der Englescher Upper Class grouss ginn, entwéckelt no an no hir lesbesch Identitéit a kämpft doduerch mat sech selwer a géint eng Gesellschaft, déi si fir „anormal“ hält. Et ass kee Buch wat sech einfach liest. Et ass deels bësse schwéierfälleg geschriwwen, mee et gëtt eng super interessant Vue op déi kulturell a gesellschaftlech Virstellungen Ufank vum 20. Joerhonnert.Bei senger Publikatioun 1928 gouf de Roman a Groussbritannien iwwregens verbueden an als obszön bewäert (dat bis 1959!), obwuel et absolut keen explizitte sexuelle Contenu am Buch gëtt. D‘Buch duerft net verkaaft ginn, well argumentéiert gëtt dass déi lesbesch Sexualitéit an d‘Net-Konform-sinn zu sengem ugebuerene Geschlecht, sollt vun der Gesellschaft acceptéiert ginn. Wat deemools natierlech net de Fall war.

Julien Marcy (Kultur) - "The Creative Act", Rick Rubin

Dem Rick Rubin säi Buch liest sech ewéi eng Diskussioun mat engem Kolleeg owes spéit op der Couche. Et fënnt een deels déifgrënneg Aussoen, deels Banalitéiten, déi esou éierlech an authentesch ausgedréckt sinn, datt se trotzdeem en nohaltegen Androck hannerloossen. Verschidde Kapitele sinn eng Säit laang, anerer méi, wouduerch een Zäit kritt, dat wat ee gelies huet och ze verschaffen, ze verdauen, wierken ze loossen. Ewéi déi Momenter an engem Gespréich wou et kuerz stëll ass, well et grad net méi ze soe gëtt. Kuerz zesummegefaasst ass The Creative Act e Rotschlo fir eng méi kreativ Approche un d'Liewen. Dobäi gëtt engem d’Buch net d’Gefill datt dat eegent Liewen net gutt genuch ass, au contraire. Et ënnersträicht dat schéint am Alldag, dat Aussergewéinlecht am banalem a weist datt een net laang op Social Media scrolle muss fir d’Inspiratioun ze fannen. Meeschtens geet e Bléck an de Spigel duer.

Sandy Elsen (Kultur) - "Adventures of a Young Naturalist", David Attenborough

Ee Buch, dat mir et dëst Joer ganz besonnesch ugedoen huet, ass "Adventures of a Young Naturalist" vum David Attenborough. 1954 krut deen deemools jonken BBC Produzent d'Geleeënheet fir d' Télé-Serie "Zoo Quest" déi entleeënsten Ecke vun der Welt ze bereesen an iwwerdeems deene seltensten an exoteschsten Déiere ganz no ze kommen. Mat vill Witz a Charme hëlt dee legendären Déierefilmer a Naturfuerscher de Lieser an dësem Buch mat op seng éischt Expeditiounen - an den Dschungel vu Guyana, op déi onzougänglechste Plazen op Borneo an un déi wëll Ufere vum Amazonas. E leidenschaftleche Plädoyer fir d'Schéinheet an de Schutz vun der Natur an der Aartevillfalt, deen engem Loscht mécht selwer de Rees-Rucksak ze paken, den Tropen-Hutt opzedoen a sech op d'Sich no Risen-Ameisebieren, Komodowaranen a Co. ze maachen.

Valeria Wiwinius (Tëlee/Radio) - "A Court of Thorns and Roses" Serie, Sarah J. Maas

2023 war eng opreegend Zäit fir mech wat Bicher betrëfft, engersäits well ech e-books fir mech mol entdeckt hunn, awer och een neie Genre: Fantasie. Als Kand war et sou ee "go-to", ma mat de Jore sinn d'Choix'en dunn awer éischter op Klassiker oder Dystopië gefall. Fabel-Wesen hu mech net méi wierklech ugezunn, bis ech d'Bicher-Serie "A Court of Thorns and Roses" vum Sarah J. Maas entdeckt hunn, déi online héich Welle geschloen huet. D'Serie suivéiert d'Feyre Archeron, wat muss an d'Land vun de Feeë matgoen, nodeems et eng Fee op der Juegd ëmbruecht huet an domat géint den Accord tëschent Mënschen a Feeë gaangen ass. D'Welt an där d'Geschicht sech ofspillt ass immens detailléiert, wat et ëmsou méi einfach mécht, wierklech an d'Buch anzedauchen, an d'Geschicht entfaalt sech an engem zolitten Tempo, wouduerch et schwéier ass, d'Buch op d'Säit ze leen. Perfekt Lektür, och fir aus enger "Leseflaute" erauszekommen!