Bicher fir ze verschenken

Wien elo nach op de leschte Stëppel e Kaddo braucht, dee kéint sech jo vläicht um islännesche Beispill inspiréieren.
An Island ass et eng Traditioun, Bicher fir Chrëschtdag ze verschenken. Jolabokaflod heescht esou vill wéi eng Iwwerschwemmung vu Chrëschtdagsbicher. Dofir hei fënnef Bicher, mat deenen ee bestëmmt näischt falsch maache kann.
Fir deen, deen net gäre liest
Verity vum Colleen Hover

© Lea Schwartz
Kléngt no engem Widdersproch, mee et ginn och einfach Bicher, déi sech éischter wéi ee Film, wéi ee Buch ufillen. Wat ech domadder mengen ass, dass si licht verdaulech sinn an een immens paken, sou dass een si am léifsten an engem Rutsch wéilt liesen. Wéi een dat bei engem Film fir gewéinlech och mécht. Verity fält fir mech an déi Kategorie. Et ass net perfekt, mee extrem ënnerhalend an ech hunn et praktesch an enger Kéier duerchgelies. Fir déi roueg Feierdeeg genee dat richteg, wann een nach op der Sich no e bësse Spannung a schweessegen Hänn ass. Och dann, wann ee vläicht soss net esou gäre liest.
Fir deen, dee fënnt, dass fréier alles besser war
Factfulness vum Hans Rosling

© Lea Schwartz
Esou ee sëtzt dach op all Familljendësch. Fréier ass et dat nach net ginn, fréier hunn d'Leit nach openeen opgepasst, fréier war einfach alles besser – e richtege Klassiker. Dass fréier awer net onbedéngt alles besser war, dat erzielt den Hans Rosling a sengem Buch Factfulness. Rational, op Fakte baséiert an einfach duergestallt ass et e konstruktive Bléck op dat, wat mir als Mënschheet schonn alles erreecht hunn. Et ass e Buch, wat einfach gutt deet a wierklech extrem liesenswäert ass.
Fir deen, dee gären a friem Welten andaucht
Throne of Glass vum Sarah J. Maas
Et ass déi perfekt Flucht aus dem Alldag. D'Sarah J. Mass, eng amerikanesch Schrëftstellerin, huet eng riseg Welt erschafen an där all hir Reie spillen. "Throne of Glass" ass den Optakt vu just enger Serie, déi sech an där Welt ofspillt. Et gi magesch Kreaturen, et gi Kämpf, et gëtt Zauberei, Intrigen, Frëndschaft, Léift, et ass eng riseg grouss Aventure, wann ee sech drop aléisst. Virun allem dat éischt Buch ass am Verglach zu deem, wat nach kënnt e bësse schwaach, mee wann een d'Zänn e bëssen zesummebäisst, da lount et sech. An virun allem: Et ass dat éischt Buch vun enger Serie vu 7 Bicher. Déi nächst 6 Joer wären d'Kaddoe fir Chrëschtdag dann och schonn direkt festgeluecht.
Fir deen, deen an der Famill zu der Generatioun Z gehéiert
Gespräche mit Freunden vum Sally Rooney

© Lea Schwartz
Dat ass fir déi eng jonk Persoun, déi engem ëmmer widdersprécht, ni déi selwecht Meenung huet a mat där een ni sou richteg weess, wat ee schwätze soll a scho guer net, wat een hir schenke soll! Als Vertrieder vu genee där Generatioun recommandéieren ech dem Sally Rooney säi Buch "Gespräche mit Freunden". D'Dialogen tëscht de Figure fille sech esou real un. Ech hu mech heiansdo souguer richteg ertappt gefillt. Wien tëscht 25 a 35 Joer al ass, kéint dat, menger Meenung no, ganz gutt fannen. Wat nach méi jonk Leit gäre liesen, weess ech net, dofir sinn ech dann elo leider mëttlerweil awer ze al.
Fir deen, deen d’Sonn am Wanter vermësst
Lied des Achilles vum Madeline Miller

© Lea Schwartz
Keng Loscht méi op dat driibsegt Wieder, ma de Fliger ass awer ze deier? De Virdeel ass, dass een och duerch d'Liesen op d'mannst an de Gedanke reese kann. D'Madeline Miller huet sech op Noerzielunge vu griichesche Soe spezialiséiert, ëmmer mat engem zäitgeméissen Twist. Am Lied des Achilles geet et - Oh Wonner - ëm d'Liewe vum Achilles, erzielt aus der Sicht vu Patroclus, sengem treie Partner. Ech fanne beim liese spiert een d'Sonn op der Haut, et huet een d'Gefill selwer Oliven a Wäin z'iessen, déi engem op der Zong zerginn an déi sympathesch Haaptprotagonisten erwiermen engem d'Häerz.Wann do ëmmer nach näischt dobäi ass, da kuckt Iech gären aner Buchtipps aus der Redaktioun un.

© Lea Schwartz