Wien op der Sich ass no Bicher, déi en dëst Joer liese wëll, fënnt vläicht Inspiratioun op enge vun de Lëschten, déi iwwert Jore vu verschidden Auteuren an Experten zesummegestallt gi sinn.

Ech stellen Iech zwou esou Lëschte vir:

Bicher, déi ee liese sollt, ier ee stierft. Dat ass den Titel vun zwee Bicher, déi sech genee mat esou Bicher beschäftegen. Et ginn eng ganz Partie Lëschten, déi zwou bekanntste sinn awer warscheinlech déi vum Peter Boxall a vum James Mustich.
 
Komm mir fänken do mat där wuel bekanntster Lëscht un: D'Boxall-Lëscht. Dat ass e Buch, dat 1.001 Bicher beschreift, déi een onbedéngt sollt gelies hunn, wann et dem Peter Boxall no geet. Hien ass selwer Professer an Englescher Literatur op der Universitéit Sussex an huet d'Buch zesumme mat 157 internationale Kritiker verfaasst. Dofir fënnt een net just englesch Literatur drop, mee och Mol en däitschen Auteur, wéi de E.T.A Hoffmann oder franséisch Schrëftsteller wéi den Albert Camus oder och de Victor Hugo. Allgemeng ass et awer e relativ westleche Bléckwénkel op d'Weltliteratur. D'Lëscht couvréiert d'Bicher aus engem Zäitraum vu viru 1700 bis an d'Joer 2006. Dat lescht Buch, dat et nach op d'Lëscht gepackt huet, ass "Never Let me go" vum Kazuo Ishiguro.

Ee ganzt Buch manner muss een um James Mustich senger Lëscht liesen. Ëmmerhin 1.000 Bicher sollt een him no liesen, ier ee stierft. Wärend dem Boxall seng Lëscht virun allem op grouss Auteuren aus der Literaturgeschicht baséiert, hat de James Mustich eng aner Approche. Hien ass vu Beruff Bicherverkeefer an huet sech d'Fro gestallt, wéi eng Bicher een a sengem Geschäft verkafe géif, wann een op 1.000 verschiddener limitéiert wier. Bei him hunn et zum Beispill och den Dan Brown, awer och Klassiker wéi d'Jane Austen oder d'Margaret Atwood eng Plaz fonnt.

Op alle Fall kënnt ee bei esou Lëschte ganz séier un d'Rechnen. Wann een nach keent vun deene Bicher gelies hätt an een elo an dëser Januar-Woch géif ufänken, voller Motivatioun natierlech a souguer ee Buch d'Woch géif liesen, da wär een iwwer 19 Joer amgaangen.

Iwwregens huet de Peter Boxall am Joer 2008 an engem Interview mat der New York Times gesot, dass hie wéilt, dass seng Auswiel d’Leit rose mécht. Hie wëll, dass diskutéiert gëtt iwwert Bicher, déi drop sinn a Bicher, déi net drop sinn, esou géif een eng frësch Debatt iwwert d'Relevanz vu Wierker ureegen.

Ech kommen op alle Fall un d'Nodenken, wéi eng Bicher fir mech op esou eng Lëscht géife kommen. 1000 kréien ech der net zesummen. Mä "Know my Name",vum Chanel Miller, "Der Tätowierer von Auschwitz" vum Heather Morris, "The Island of Missing Trees" vum Elif Shafak, "La Peste" vum Albert Camus an "Animal Farm" vum George Orwell wäre fir mech op alle Fall mat dobäi. Déi zwee lescht sinn iwwregens och op der Lëscht vum Peter Boxall.

Wéi eng sinn ärer Meenung no Bicher, déi een op alle Fall liese sollt?