Wien u Schweden an u Kannerbicher denkt, denkt als éischt mol Astrid Lindgren.

A villäicht och un den internationalen "Astrid Lindgren Memorial Award", deen zanter 2003, eemol am Joer u SchrëftstellerInnen, IllustratorInnen oder Organisatioune geet, déi sech am Sënn vun der weltberüümter Autorin engagéieren, fir dass d'Kanner méi liesen. De Montant, deen do vum staatleche Kulturrot ausbezuelt gëtt, léisst ee schonn e puer Mol schlécken. 5 Millioune schwedesch Krounen, iwwerreecht vun der Kinnigin perséinlech; dat sinn ëmgerechent bal 450.000 Euro.

Donieft gëtt et och nach een aneren Astrid-Lindgren-Präis, dee vum Verlag vun der Autorin zënter hirem 60. Gebuertsdag eemol am Joer vergi gëtt. Deen ass schwedeschen AutorInne virbehalen. 2014 goung en un d'Frida Nilsson. Hei beleeft d'Präisgeld sech op ongeféier 8.000 Euro, awer den emotionale Wäert vun esou engem Präis ass warscheinlech honnert Mol méi héich.

Et soll beim Bicherschreiwen net ëm Sue goen, scho guer net bei Kannerbicher, mee och SchrëftstellerInne mussen iessen a Rechnunge bezuelen. Dofir war ech hellop begeeschtert, wéi d'Frida Nilsson mir erzielt huet, wéi et a Schweden ofleeft, wann een eng Iddi fir ee Roman oder sonnergläichen huet. De Staat ënnerstëtzt d'AutorInnen nämlech finanziell wärend engem Joer oder och méi laang, wann hire Projet gefält. An zwar esou gutt, dass si niewelaanscht net regulär musse schaffe goen. Esou kënne si sech ganz op hiert Schreiwe konzentréieren.

Der Frida Nilsson hir Bicher, fir déi si jeeweils 2 bis 3 Joer Schreifzäit brauch, sinn op jiddefalls vun aussergewéinlecher Qualitéit. Si erkläert an engem Interview am Juli 2022 um Deutschlandfunk, dass si ëmmer dofir wäert suergen, dass eng Geschicht si fënnt. Si wäert nimools eppes kalkuléieren, wat d'Leit villäicht gär hunn oder wat hir Lieser sech villäicht wënschen oder déi Leit, déi iwwert hir Bicher schwätzen, zum Beispill vum Radio oder vum Fernsee. Si wäert ëmmer dee Wee goen, deen hiert Häerz fir si auswielt.

An hir Geschichte beréieren hir LieserInnen am Häerz, ob kleng oder grouss, warscheinlech well se spieren, dass et hei authentesch an éierlech zougeet, souguer wann eng Gorilla-Madamm mam Auto an ee Weesenheem fiert, fir do ee klengt Meedchen, d'Jonna, z'adoptéieren.

„Die Papiere erledigen wir in meinem Büro", sagte Gerd auf dem Weg nach unten.

Es waren meine Papiere, die sie meinte, die, in denen stand, wie ich hiess, in welchem Jahr ich geboren worden war und solche Dinge. Die Papiere, die Gorilla unterschreiben musste, damit ich ihr gehörte.

"Ich, Gorilla und der Affenstern" war 2011 fir den däitsche Literaturpräis nominéiert. An hiren Erzielungen ass et der Frida Nilsson eng Freed, Déiere Gezei unzedoen, wéi hei der Gorilla-Mamm eng schappeg blo Leggings an Turnschlappen. Déiere gi vermënschlecht an erënneren u Persounen, déi mer eventuell selwer kenne kéinten.

N.B: Leider ass "Ich, Gorilla und der Affenstern" vergraff, a gëtt och net méi nogedréckt!

Den Erzielstil ass ëmmer un de Besoin vun de jonke LieserInnen ugepasst, d'Geschichten entwéckele sech op eng douce Manéier an enthale vill witzeg Elementer. Och Eekel a Grujeleges ass meeschtens ze fannen, Emotiounen, déi de Kanner d'Méiglechkeet ginn, beim Liesen a sech eranzefillen a sech och selwer besser kennenzeléieren an all hire Facetten.

Dacks mussen d'Kanner an de Bicher vun der Frida Nilsson ouni hir Elteren oder een Elterendeel auskommen. D'Frida fënnt et méi einfach, Kanner an Abenteuer ze schécken, wa keng Opasser ronderëm sinn. Eltere géifen do bremsen an hir Kanner warscheinlech net eraus a geféierlech Länner, Welten oder Situatiounen zéie loossen. Da kéinte sech d'Geschichten awer net esou schéin der Kanner hirer Fantasie entspriechend developpéieren.

D'Autorin selwer huet 2 Jongen a lieft mat hirem Mann a senge Kanner als Patchworkfamill zu Stockholm. Si gouf 1979 an engem idylleschen Dierfche mam Numm Hardemo gebuer.

RTL

© Gerstenberg Verlag

An Hardemo, dem Duerf vun hirer eegener Kandheet, déi si als fräi a voller Léift ëmfonnt huet, spillen och hir wuelbekannten HEDVIG!-Erzielungen.

Op däitsch iwwersat an am Gerstenberg Verlag erauskomm, sinn déi 4 Bicher laut die literarische Welt dat Bescht, wat ee fir Meedercher am Grondschoulalter de Moment fanne kann. Aus eegener Erfarung kann ech behaapten, dass awer och d'Jonge ganz begeeschtert si vum Hedvig! Ein Sommer mit Specki, well der do och allerhand gestëbst ginn. De Specki, deen eigentlech Klaas heescht, mee säi richtegen Numm net leide kann, steet dem Hedvig am Dommheete maache nämlech kee Fatz hannendran. Déi zwee sinn een Dreamteam an huelen d'LieserInne mat an een hondsgewéinleche Summer voller Geforen, an déi si sech natierlech selwer bréngen.

Wann een dann d’Ae midd huet vum ville Liese gëtt et ënner aneren Hedvig! Die Prinzessin von Hardemo gelies vun der Heike Makatsch, als Audiobook; ee Spaass fir d’Ouere fir déi ganz Famill.

RTL

© Gerstenberg Verlag

Ech hat déi grouss Chance mat der Frida Nilsson zesummen um internationalen Hay-Literaturfestival zu Aarhus an Dänemark deelzehuelen a wéi et den Zoufall wollt, konnte mir och um groussen Ofschlossiessen zesummesëtzen. Si huet mir engt vun hire méi neie Bicher The Ice Sea Pirates - an deem d'Siri sech op eng liewensgeféierlech Rees duerch d'äisegt Mier muss maachen, nodeems seng kleng Schwëster vu béise Piraten entféiert gouf - geschenkt a mat de méi wéi modeste Wierder "Hope you will like the book" signéiert.

Dear Frida, I LOVE ALL OF THEM.

An deem Sënn freeën ech mech elo schonn op Sem und Mo im Land der Lindwürmer an hunn dofir emol fir d'éischt musse googelen, wat dann iwwerhaapt ee Lindwuerm ass. Elo weess ech et a kann net erwaarden erauszefannen, wat déi zwee Bridder am Buch – mat deenen d'Frida hir eege Jongen an hirer Erënnerung hale wëll – alles erliewen, nodeems hinnen eng Rat vun engem Land erzielt, dat enger uraler Seechen entspronge schéngt. Déi zwee Weesejongen, déi sech einfach ee schéint Doheem wënschen, si gezwonge bei der Tatta Tyra ze liewen, déi si dee ganzen Dag just schaffe léisst a wou si nimools spillen dierfen.

Dat soll et fir Kanner net ginn. Dofir setzt sech d'Frida Nilsson, wéi deemools d'Astrid Lindgren och, Dag fir Dag mat hiren Texter an. Si hält wichteg Wäerter wéi Frëndschaft, Léift, Vertrauen a Fräiheet héich an enger Welt, déi schrecklech ville Kanner net méi genuch dovun ze schenken huet. Hir Bicher sinn a mengen Aen ee Manifest fir d'Kannerrechter a fir eis all ee risege Gewënn.

RTL

© Gerstenberg Verlag