Mënsch oder Kaz?"Die Katze Eleonore" am KulTourhaus zu Hunchereng

RTL Lëtzebuerg
D'Wierk vun der däitscher Schrëftstellerin Caren Jeß gouf, ënner anerem, schonn zu Dresden opgefouert. Dëse Freide gëtt d'Stéck fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg op d'Bün bruecht.
© Bohumil KOSTOHRYZ

Erzielt gëtt d’Geschicht vum Eleonore, enger Fra, déi als Immobiliëverkeeferin hiert Akommes gutt verdéngt an e gereegelt, onofhängegt Liewe féiert, bis si mierkt, dass si u sech kee Mënsch, mä eng Kaz wëll sinn.

Vue, dass hir weder finanziell nach emotional Hindernisser am Wee stinn, fänkt si hir Transformatioun un, dréit e Pelz, geet op d’Juegd, a schléift an ësst de Rescht vun der Zäit. Si lieft wéi eng Kaz liewe géif a suivéiert hir Instinkter.

Dat Ganzt léisst net nëmmen eng Rëtsch Transformatiounen an hirem Behuelen an Denken aus, mä suergt och bei hire Matmënsche fir Faszinatioun, ënner anerem, bei hirem Therapeut, dem Dokter Wildbruch, mat deem si Gespréicher an hirem Kapp féiert.

Nodeems d’Stéck zu Dresden op positiv Resonanz gestouss ass, gëtt d’Wierk dëse Freiden och zu Lëtzebuerg fir d’éischt Kéier opgefouert. Fir d’Regie ass d’Sara Goerres zoustänneg.

Wat sinn Ärer Meenung no d’Haaptmessagë vum Stéck?

Sara Goerres:D’Caren Jeß huet an hirem Stéck verschidde Message verstoppt. Ee staarke Message ass, dass ee sech net soll enger Norm upassen a sech soll trauen anescht ze sinn, wann een dat a sech spiert. Leider ginn et haut nach vill Situatiounen, wou Mënschen net kennen esou sinn, wéi si et am Fong wëllen, well, deemno wou si op der Welt liewen, net acceptéiert ginn.

Do huet d’Eleonore an deem Sënn méi Chance, well hat privilegéiert ass an d’Suen huet, fir esou kënnen ze liewen, wéi hat well. Et geet och ëm eng méi traureg Säit vun eiser Gesellschaft: Dass ee sech léiwer ganz a seng Privatsphär zeréckzitt, well een den haarden Alldag an d’Hypokrisie vum Beruffsliewen net méi matmaache wëll, an es genuch huet vun der Mënschheet a wou mer eis hi beweegen. Sou och Zitat: “Der Mensch ist nicht mein Freund, ist nicht mein Feind, ist bloß wie Kunst, die mir nichts sagt.”

Wat huet Iech perséinlech sou um Stéck faszinéiert?

Sara Goerres: D’Poetik vum Caren Jeß hirem Text, d’Konsequenz, d’Intelligenz an de Courage vun der Figur, awer och d’Spill tëschent Kaz a Mënsch.

© Bohumil KOSTOHRYZ

Wat war Iech wichteg ervirzehiewen, respektiv de Message, deen Dir der Audienz wéilt mat op de Wee ginn duerch Är Inzenéierung?

Sara Goerres:Mir war et wichteg ze weisen, dass et net d’Geschicht vun enger Persoun ass, déi op eemol verréckt gëtt, mä vun Ufank un duerzestellen, wéi konsequent a couragéiert d’Eleonore ass a mech doduerch och op d’Ambivalenz an d’Gemeinsamkeeten tëschent Kaz a Mënsch ze konzentréieren, fir dass een als Zuschauer:in dem Eleonore säi Choix zum Deel novollzéie kann a sech eventuell souguer a verschiddene Momenter selwer erëmerkennt. D’Regie-Uweisungen um Ufank vum Text soen och “Die Katze Eleonore ist keine komische Figur” an et war mir wichteg, dat ze weisen.

Mir hunn och mat “sound” geschafft, déi mir zum Deel selwer opgeholl hunn, an déi d’Aussewelt an d’Natur erëmginn, fir dem Eleonore säi Choix a Réckzuch nach méi ze verstäerken. Fir mech ass et wichteg, dass de Public déi staark Fra gesäit, déi d’Eleonore ass, an dat an all senge Facetten.

Bei “Die Katze Eleonore” handelt et sech ëm ee seule-en-scène, also e Stéck bei deem just een Acteur op der Bün steet. An dësem Fall ass dat d’Brigitte Urhausen, déi d’Eleonore spillt.

A wéi wäit ënnerscheet sech dës Roll vun anere Rollen, déi Dir a leschter Zäit gespillt hutt?

Brigitte Urhausen:Op den éischte Bléck ënnerscheet sech dës Roll net vill vun anere Rollen, déi ech bis elo gespillt hunn. D’Approche, déi ech hunn, wann ech eng Roll kréien, ass ëmmer de selwechte Prozess, egal ob et eng krass Figur ass, oder kriminell oder an dësem Fall, eng Figur, déi vill an d’Animalescht geet. Den éischte Punkt ass ëmmer, déi Figur kënne bis an hir lescht Faser ze verstoen. Dofir muss ee se och eescht huelen a probéieren ze verstoen.

Wat mécht d’Roll vum Eleonore sou interessant fir Iech als Schauspillerin?

Brigitte Urhausen:Wat an dësem Fall natierlech besonnesch fir mech war, war dat Animalescht, dat “kazenhaft”. Dat hunn ech sou nach ni gespillt, mä dat war eng immens schéin Erausfuerderung, well ee sech och d’Kierperhaltung vun enger Kaz muss uneegnen an dann ass d’Stéck och esou geschriwwen, wéi wann d’Eleonore wierklech eng Kaz wier, also hat spréngt a senge Gedanken hin an hir an, wéi bei enger Kaz, ass seng Opmierksamkeet an enger Sekonn op enger Saach an an der nächster anzwuersch ganz anescht.

Wat war déi gréissten Erausfuerderung bei dësem Stéck?

Brigitte Urhausen: D’Stéck ass jo e Monolog. An dësem Fall geet d’Stéck annerhallef Stonn a wann een do eleng op der Bün steet an de ganze Bou muss eleng droen, ass natierlech eng Erausfuerderung. Et huet ee kee Partner mat deem een zesummespillt, dat heescht dat muss een alles aus sech selwer eraushuelen. Vue dass ech en plus nach eng Kaz op der Bün sinn, ass et och kierperlech eng gréisser Erausfuerderung, a mécht et immens spannend.

D’Première vum Stéck ass e Freiden, de 15. Mäerz am KulTourhaus zu Hunchereng. Duerno gëtt et nach tëschent dem 20. a 24. Mäerz véier Mol opgefouert. Ticketen a méi Informatioune ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO