Bicher, déi een nuets wakereg halen

© Envato
Just nach eng Säit, nach dat Kapitel. Just nach kucke wéi sech déi Situatioun opléist an ier ee sech versäit, ass déi hallef Nuecht ëm, wëll d'Buch esou gutt war.
Respektiv net onbedéngt gutt, mee virun allem spannend.
Verschidde Bicher hunn deen Effekt, dass een einfach net méi ophale ka mat Liesen an dat kann een och emol wäertvoll Stonne Schlof kaschten. Deemno, Weiderliese mécht een op eege Gefor, wëll hei sinn 3 Bicher, bei deenen d'Lea Schwartz wäit ewech vun 8 Stonne Schlof war.

A Good Girl’s Guide to Murder vum Holly Jackson
Ee Buch, wéinst deem ech réischt rezent onverstännegerweis bis 2 Auer Nuets gelies hunn. Et geet ëm d’Pipa, dat fir ee Schoulprojet een vermeintleche Mord, deen virun 5 Joer geschitt ass, nei oprullen wëll. Hatt huet nämlech seng Zweiwel un der offizieller Geschicht. D’Buch ass fir ee méi jonke Publik geschriwwen, wat awer och méi al Lieser gutt ënnerhält. D’Personnagen sinn witzeg a sympathesch an bis zum Schluss kann ee gutt maträtselen, wëll et ëmmer nees gutt novollzéibar Wendungen an der Geschicht ginn.

Yellowface vum R.F. Kuang ass kee klasseschen Thriller, liest sech awer wéi een.
Et geet ëm d'June, dat den Dout vu senger Frëndin Athena Liu materlieft a kuerz drop deem säi Manuskript fir säin neiste Roman fënnt. Déi zwou Frae si Schrëftstellerinnen, d'June bei wäitem awer manner erfollegräich. Wéi hatt sech dunn decidéiert, dem Athena seng Geschicht ze iwwerschaffen an als seng eegen auszeginn, hëlt de Chaos säi Laf. Wärend mir d'June duerch ee Strudel u onmoraleschen Entscheedunge begleeden, ginn och Theme wéi kulturell Uneegnung an d'Roll vum kollektiven Erënneren ugeschwat. Ech fanne schonn d'Iddi vum Buch gutt an d'Ëmsetzung ass richteg gutt gelongen.

© Lea Schwartz
"Schnee" vum Yrsa Sigurðardóttir ass ee klasseschen Thriller.
Fënnef Frënn maache sech am Wanter an dat islännescht Héichland fir eng Wandertour op de Wee a kommen net méi rëm. E Sichtrupp fënnt puer Deeg drop d'Läichen. Dat ongewéinlecht dorunner ass, dass si all kee Gezei méi un hunn. Wéi passt dat zesummen a wat ass an där liewensfeindlecher Natur geschitt? D'Geschicht ass aus e puer Perspektiven erzielt a spillt sech net chronologesch of. Dat heescht, engersäits begleet een d'Grupp vu Frënn an ass dobäi, wéi alles no an no schif geet, anerersäits ass ee beim Rettungstrupp dobäi, déi probéiert erauszefannen, wat wierklech geschitt ass. Wat ech besonnesch opreegend fannen, ass d'Kuliss. De Schnéi, d'Keelt an d'Naturbeschreiwunge ginn engem beim Liesen ee schrecklecht schéint Gefill. E Cliffhanger an ee Perspektivewiessel no all Kapitel doen de Rescht, dass ee besser vill Zäit aplangt fir ze liesen. Well et wëll een et am léifsten an enger Kéier liesen, e gudde Moment fir opzehalen, gëtt et net.
Wéi ee Buch huet iech a leschter Zäit waakreg gehalen?
Wéi sech eist Liesverhalen am digitalen Zäitalter verännert, kënnt der hei noliesen.