An der KonschthalAusstellung vum däitsche Moler Titus Schade

Patricia Baum
Bis den 1. September ass "Tektonik" vum Titus Schade an der Konschthal ze gesinn.
Expo Titus Schade
Bis den 1. September ass “Tektonik” vum Titus Schade an der Konschthal ze gesinn.

Den däitsche Moler Titus Schade gehéiert zu engem vun de bedeitendste Kënschtler vun der jonker däitscher Molerei. Mat der neier Ausstellung “Tektonik” an der Konschthal huet den Titus Schade, dee vu Leipzig kënnt, seng éischt Eenzelausstellung baussent sengem Heemechtsland. Den Titus Schade kreéiert mat senge Biller eng komplett eege Welt. Eng Welt, déi sech zwar ernäert vun deem, wat mir kennen a wat eis ëmgëtt, an awer huet et näischt mat der Realitéit ze dinn. Déi visuell an architektonesch Raimlechkeeten, déi hien op sengen Toillen erschaaft, sinn immens präzis a mat vill techneschem Kënnen ëmgesat.

Den Titus Schade huet e Repertoire voller Motiver, Schemaen, Stëmmungen a Konstruktiounen, déi ëmmer nees a senge Biller opdauchen: Fachwierkhaiser, Wandmillen, Käerzen, Lagerfeier a villes méi. Doniewent wierke se wéi Kulissen oder Theaterbünen, wou de Mënsch zwar ze spieren ass, mä keng Präsens huet.

D’Ausstellung ënnersträicht och eng vun den Aufgabe vun der Konschthal, nämlech Lëtzebuerg als zentralen europäesche Punkt ze gesinn, wou national an international Konschtzeene sech kräize kënnen.

Back to Top
CIM LOGO