De beléiften ABBA-Musical "Mamma Mia!" kënnt op Lëtzebuerg
Vum 7. bis den 9. Mäerz 2025 si 5 Optrëtter an der Rockhal zu Esch geplangt.
Lëtzebuerg kritt en neit Musical: Nom Succès vun den Optrëtter vu We Will Rock You, Dirty Dancing oder der Blue Man Show huet de Concerts-Organisateur "den Atelier" um Dënschdeg annoncéiert, de beléiften ABBA-Musical "Mamma Mia" an de Grand-Duché ze bréngen.
De Musical gouf 1999 eng éischte Kéier zu London opgefouert a feiert dëst Joer seng 25 Joer. 70 Millioune Visiteure weltwäit hunn dëse Spektakel bis ewell gesinn. D'Musek baséiert op 22 ABBA-Songs. Vu Super Trouper, Money Money Money bis Voulez-vous, ass alles vertrueden.
De Virverkaf start en Donneschden um 11 Auer. Ticketspräisser leie bei 42 bis 80 Euro, plus Fraisen.