Déi jonk Fra aus Lëtzebuerg huet déi grouss Talent-Show op der belscher Tëlee gewonnen. Ma et wier schonn eng grouss Iwwerraschung gewiescht, iwwerhaapt an d'Finall ze kommen.

Et hätt deementspriechend och e puer Deeg gedauert, fir alles iwwerhaapt emol ze realiséieren, erzielt d'Emma Sorgato am Interview. No der Annonce, dass si gewonnen huet, ass se als éischt bei d'Famill gaangen, éier se mat all de Kandidate vun The Voice Belgium gefeiert huet.

"Ech bleiwe gär mat de Féiss um Buedem"

Hiert Liewen hätt sech zanterhier net geännert: "Ech bleiwe gär mat de Féiss um Buedem." D'Studentin geet nees an hir Couren a wëll elo parallel och mat der Musek duerchstarten: "Ech kéint mer scho virstellen, an Zukunft vun der Musek ze liewen, mä dat awer zu engem spéideren Zäitpunkt."

D’Zil wier et och, weider eege Musek ze schreiwen, wat si och schonn an der Vergaangenheet gemaach huet. Et wiere schonn eege Songs prett, déi geschwënn erauskéimen.

"Ech hu mer geduecht, ech muss et elo probéieren"

D'Aventure op der Belscher Tëlee ass si bewosst ugaangen. Et wier de Moment gewiescht, fir sech dat ze trauen: "Ech wollt mir net méi spéit soen, dass ech et net probéiert hunn."

Et wier och e Message un aner Jonker, déi sech froen, ob se solle bei enger Casting-Show matmaachen. An der Finall wier si manner ugespaant gewiescht wéi an den anere Showen an et hätt hir extreem Spaass gemaach, live ze spillen.