OG Keemo a Markus Schulz sinn d'Headliner

Déi 27. Editioun vum e-Lake Festival geet vum 9. bis den 11. August.
En Donneschdeg hunn d'Organisateuren de Line-up vum gratis Festival annoncéiert.
Um éischten Dag läit de Fokus dëst Joer kloer um Hip-Hop. Headliner ass nämlech den däitsche Rapper OG Keemo, deen et dëst Joer mat sengem Album "Fieber" un d'Spëtzt vun den däitschen Albumcharts gepackt huet. Ma och de Rapper DCVDNS ass bei Fans vun däitschem Rap keen Onbekannten. D'Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen gëtt dann ënner anerem duerch De Läb an de Brooze vertrueden.
Um Samschdeg, wou traditionell déi elektronesch Musek am Fokus steet, ass den däitsch-amerikaneschen DJ Markus Schulz Headliner a mam Londoner DJ Ben Gold kënnt ee vun den aktuell bekanntsten Trance-Acts op de Festival. Als nationalen Act, leet dann de Waztoo op.
De Sonndeg ass dann der Lëtzebuerger Musek gewidmet. Hei kënnen d'Leit sech ënner anerem op Schëppe Siwen, d'Dëppegéisser an Toxkäpp freeën.
Kee Camping dëst Joer
Op eng Traditioun mussen d'Visiteure vum Festival dëst Joer allerdéngs verzichten. Et wäert nämlech kee Camping ginn. Wéi de Jempi Hoffmann vum Organisatiounscomité op Nofro hin erkläert huet, hätt ee sech aus zwee Grënn decidéiert, dëst Joer kee Camping ze offréieren. Engersäits wier d'Demande fir um Site ze iwwernuechten zanter Corona staark erofgaangen an anerersäits wieren d'Käschte fir de Camping ze bedreiwen enorm héich.
Gratis Bus-Shuttelen als Alternativ
Wien an der Géigend vum Festival iwwernuechte wéilt, kéint zum Beispill op d'Iechternacher Jugendherberg oder op ee vun de Bed and Breakfasten, déi et zu Iechternach ginn, zeréckgräifen. Et wier ee sech awer bewosst, dass d'Leit méi deier géif ginn ewéi de Camping. Dowéinst bitt een de Visiteuren nach eng weider Alternativ. Aus dem ganze Land an och aus der Grenzregioun fuere gratis Bus-Navette bis op de Festival.