All Joer gëtt zu Schengen den Ofschloss vun der Drauwelies mat der traditioneller Hunnefeier gefeiert. Och dëse Sonndeg gëtt de Visiteuren nees e ganze Programm gebueden.
Den Dag fänkt mat enger offizieller Zeremonie an engem Cortège un. An der Kierch gëtt d'Fiederwäisse-Cuvée geseent, éier se mat engem Trakter-Cortège op d'Hunnefeier bruecht gëtt. Op der Hunnefeier selwer waarden ënner anerem e Floumaart an e Konschtmaart op d'Visiteuren. Donieft ginn et Musek, Stroossekënschtler souwéi Iessen a Gedrénks.
Fir den Ofschloss vun der Drauwelies ze feieren, gëtt et zu Schengen all Joer déi traditionell Hunnefeier. Sou och dëse Sonndeg.
Och fir déi méi jonk Visiteuren ass gesuergt. Nieft Inte-fëschen a Facepainting gëtt et dëst Joer fir d'éischt e Makerspace. Hei kënnen d'Kanner ënner anerem den 3D-Drock entdecken. Mam "MakerBuzz“, engem Atelier op Rieder, kann zesumme mat den Eltere gebastelt a gekniwwelt ginn.
Hannert dem Numm vun der Veranstaltung stécht en ale Brauch aus dem Wäibau. Fréier krut um Enn vun der Lies dee Wënzer en Hunn als Präis, dee säi Rief am Wéngert als éischte fäerdeg hat. De liewegen Hunn ass mëttlerweil duerch de "Schenger Hinnchen“ aus Keramik ersat ginn. All Joer kënnt eng nei Editioun eraus, déi een op der Hunnefeier ka kafen.
Fir op d'Hunnefeier an nees zeréck ze kommen, gi gratis Navetten agesat. Déi fuere vu Stadbriedemes iwwer Réimech a Richtung Schengen, grad ewéi vu Munneref aus. Wien trotzdeem mam Auto kënnt, ka säi Gefier ënner anerem bei de Baggerweieren oder op engem gekennzeechente Parking bei der Entrée vu Schengen ofstellen. Vun do aus soll all hallef Stonn eng Navett d'Visiteure méi no un d'Fest bréngen.

A fir déi, déi owes nach net genuch hunn, geet et no der Hunnefeier bei engem private Wënzer mat der Hunnen-Nuecht weider.
Weider Informatioune ginn et op Facebook: