Grouss Nimm wéi David Guetta a Lost Frequencies zu Esch
Dëse Weekend sinn zu Esch d'Francofolies, e Lëtzebuerger Festival mat Kënschtler, déi franséisch schwätzen oder soss e Lien mat der franséischer Sprooch hunn.
Artisten aus der ganzer Welt, och vu Lëtzebuerg, komme wärend 3 Deeg hei zesummen. Nieft groussen Nimm aus der frankophoner Musekszeen, leet de Festival och vill Wäert op Nohaltegkeet, esou wuel a Punkto Logistik ewéi och Kreativitéit.
1985 goufen d'Francofolien, kuerz d'Francoen, fir d’éischte Kéier an der Rochelle, bei der atlantescher Küst vu Frankräich opgefouert. Zil war deemools etabléiert a nei Kënschtler aus der Francophonie ze promovéieren a bis haut huet sech un där Partitur net vill geännert.
Wéi et mat de Virbereedungen ausgesäit, dovunner ware mer eis en Dag virdrun um Donneschdeg iwwerzeegen. Et ass ee fläisseg amgaange mat schaffen, erkläert eis den Direkter vun de Francofolies, de Loïc Clairet.
Ervirsträiche kann een um Freideg de franséische Rapper "Ninho", deen no 23 Auer optrëtt. Samschdegowes suergt de belschen DJ "Lost Frequencies" um Escher Gaalgebierg fir Stëmmung. Den Highlight fir déi Leit, déi méindegmoies net musse fréi eraus, ass wuel sonndegowes den Optrëtt vum franséischen DJ David Guetta.
De komplette Programm vum Festival fannt Dir hei.