Grouss Enttäuschung um "Siren's Call" no Ausfall vu Kim Gordon a Bat for Lashes

© David Winter / RTL
D'Kim Gordon, d'Bassistin vu Sonic Youth, an d'Musekerin "Bat for Lashes", waren a sech Headliner vum Festival. Schlussendlech si si se net opgetrueden.
Enttäuschung bei de Leit war definitiv ze spieren, nodeems och nach déi lescht schlecht Noriicht vum Festival koum. Wéinst dem Stuerm hunn net just missen d'Acts alleguerten am Schnellduechlaf op der grousser Bün an der Abtei Neimënster hir Sets spillen, och den Act "Bat for Lashes" huet missen ofsoen, well de Spot dobaussen net méi disponibel war. Fir déi Kënschtlerin waren nawell vill Leit aus dem Ausland ugereest a schlussendlech huet dunn och nach den Headliner vum Owend, nämlech d'Kim Gordon, kuerzfristeg ofgesot.
An enger Mail vum Atelier, déi e Méindeg den Owend géint 17 Auer un Visiteuren erausgaangen ass, kruten d'Leit als Entschiedegung ee Bong vu 35 Euro pro Ticket proposéiert. D'Bonge gëlle fir ee Joer a kënne fir all d'Concerten um Site vum Atelier ageléist ginn.
An engem Communiqué deelen d'Festival-Organisateuren offiziell e Méindeg de Mëtteg mat, dass een als alleréischt emol frou wier, dass souwuel Spectateuren, ma och d'Ekipp an d'Kënschtler et sécher duerch de Stuerm gepackt hunn. Dëst wier och e Grond, wisou deels sou spéit iwwer Ausfäll kommunizéiert gouf, eppes, fir dat sech den Organisateur an engem Schreiwes entschëllegt.
Schreiwes vun neimënster a punkto Sécehrheet a Kommunikatioun.
Tëscht 20 Auer e Samschdeg den Owend a Mëtternuecht goufe schwéier Wiedere gemellt, wisou ee sech decidéiert huet, d'Bands op der grousser Bün (Alvvays a Bombay Bicycle Club) am Fräien no vir ze réckelen a souzesoen ouni Paus spillen ze loossen, sou dass vun 20 Auer u keng Musek méi op der Open-Air-Bün gespillt gouf. Dono sollten d'Acts da wéi geplangt am Melusina spillen. Bat for Lashes selwer sollt jo och op der grousser Bün spillen, wat allerdéngs net zustane komm ass, well de Slot net méi accessibel war, sou dass een der Band ugebueden hat, am Melu ze spillen.
Dëst ass dunn awer aus technesche Grënn net gaangen, sou dass d'Kënschtlerin net do optriede konnt. Spéider du koum e weidere Réckschlag, dee wuel am meeschte fir Enttäuschung bei de Fans dierft gesuergt hunn. Net emol eng Stonn virum Optrëtt huet d'Ekipp ëm d'Kim Gordon de Concert am Melu ofgesot. Wéi et säitens dem Gordon sengem Management geheescht huet, huet ee Lëtzebuerg missen éischter verloossen, fir wéinst dem schlechte Wieder trotzdeem d'Fär a Richtung Glastonbury an England ze kréien. Den Optrëtt gouf also och komplett ofgesot an d'Leit stounge souzesoe virun enger eideler Bün. Spéitstens hei war d'Stëmmung bei de Leit dann och gekippt an eng Partie Leit hu sech méi oder manner haart opgereegt.
Verständlech, wann ee bedenkt, dass hei verschidde Leit just wéinst dem Kim Gordon aus dem Ausland an de Grand-Duché komm sinn. Dass d'Kommunikatioun net perfekt war, gëtt den Organisateur schlussendlech zou, gëtt awer ze bedenken, dass een am Kader vun de Wiederkonditioune säi Bescht probéiert hätt.