En Donneschdeg an e Freideg sollt de Megastar Taylor Swift zu Wien op 2 ausverkaafte Concerten op der Bün stoen.

Ma déi goufen elo ofgesot. Wéi d'lokal Police matgedeelt huet, waren d'Concerten Zil vun Uschléi gewiescht. Zwou Persoune goufen och scho wéinst Terrorverdacht festgeholl.

E Mëttwoch war et an deem Kader zu engem Groussasaz komm.

Déi zwee Verdächteg stinn ënner Verdacht, Attentater am Groussraum Wien geplangt ze hunn an deemno och op den ausverkaafte Concerte vun der US-Sängerin Taylor Swift. Ënnert hinnen een 19 Joer alen Éisträicher, dee sech am Internet soll radikaliséiert a viru Kuerzem och een Eed op d'Terrororganisatioun IS soll geschwuer hunn. Hie gouf a senger Wunneng eng 75 Kilometer vu Wien ewech verhaft, wou och chemesch Substanze saiséiert goufen. Deen zweete Verdächtege wier iwwerdeem zu Wien selwer festgeholl ginn.

Dem éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer no wier d'Situatioun ganz seriö gewiescht. Just duerch eng intensiv Zesummenaarbecht vum Staatsschutz mat auslännesche Servicer wier et méiglech gewiescht, d'Gefor fréi genuch z'erkennen an eng Tragedie ze verhënneren, wéi hien op der Plattform X schreift.