Banksy suergt mat fënnef Wierker bannent enger Woch fir Spekulatiounen

Eigentlech waarden d'Leit just dorop, datt de Phantomkënschtler en neit Bild erausbréngt. Dës Woch sinn awer direkt fënnef Stéck bannent kuerzer Zäit zu London opgedaucht.
E Steebock, zwee Elefanten, dräi Afen, ee Wollef an zwee Pelikanen: Bannent enger Woch sinn zu London fënnef nei Konschtwierker vum Kënschtler Banksy opgedaucht. Iwwer d'Bedeitunge gëtt spekuléiert.
Dat rezentst Wierk weist zwee Pelikanen iwwer engem Fish-and-Chips-Geschäft am Oste vun der brittescher Haaptstad. Den anonymme Kënschtler huet op Instagram eng Foto vu sengem Wierk verëffentlecht.
Dat véiert Wierk op engem eidele Geschäft zu London huet en Donneschdeg ee Wollef op enger Satellitteschossel gewisen. Emol keng Stonn méi spéit war d'Wierk awer scho fortgeholl a warscheinlech geklaut ginn, wéi ënnert anerem d'Afp schreift. Op der Plaz wier eng Persoun op den Daach vum Gebai geklommen, wärend eng aner d'Leeder ugehalen hätt. D'Police huet dozou matgedeelt, et wier nach kee festgeholl ginn, ma Ermëttlunge géife lafen.
D'Wierk, dat de Kënschtler Banksy e Mëttwoch als säin eegent devoiléiert hat, weist dräi Afen un enger Zuchbréck. Wéi déi brittesch Noriichtenagence PA mellt, wieren d'Déiere mat schwaarzer Faarf op en Iwwergang vun der Brick Lane vu London gemoolt ginn. Et schéngt, wéi wann d'Afe vun der Bréck hänken.
Dat éischt Wierk dës Woch war e Steebock, deen op engem Virsprong balancéiert a wou kleng Steng ënnert senge Féiss bréckelen. Op d'Steng ass eng Iwwerwaachungskamera geriicht. Ob dës Deel vum Konschtwierk ass, ass awer net ganz kloer. Well d'Kamera an deem Wénkel fir eng Iwwerwaachung awer net vill Sënn ergëtt, kann een dovunner ausgoen. Dat zweet Bild sinn iwwerdeem zwee Elefanten, déi op zwou falsche Fënstere gemoolt sinn an deenen hir Rüsselen d'Fënsterrummen depasséieren.
De Banksy, deem seng Identitéit weiderhin onbekannt ass, post seng Wierker ëmmer op sengem Instagram-Profil, schreift awer ni en Text dobäi a léisst esou d'Bedeitunge vu senge Konschtwierker op. An dësem Fall gëtt awer net just iwwer d'Bedeitung vun den eenzele Biller spekuléiert, mä och firwat de Kënschtler bemol direkt e puer Wierker bannent kuerzer Zäit erausbruecht huet. D'BBC huet an deem Kontext mat engem Expert geschwat, deen dovun ausgeet, datt déi véier Konschtwierker den Optakt vun enger méi grousser Campagne kéinte sinn.

© Benjamin Cremel / AFP