De franséische Schauspiller Alain Delon ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen, dat huet seng Famill matgedeelt.

Sengen dräi Kanner Alain Fabien, Anouschka an Anthony no wier hie "friddlech a sengem Haus zu  Douchy" an der Géigend vu Paräis verstuerwen. Fir d'Famill, déi ëm de Respekt vun hirer Privatsphär gebieden huet, wier et ee "besonnesch schwéiere Moment vun der Trauer". Seng Gesondheet hat sech no enger Serie vun Hiereschléi net méi erholl.

Den Delon gëllt als Legend vum franséische Kino, net nëmmen als Schauspiller, mee och als Produzent a Realisateur. Bekannte Filmer ware "Plein Soleil", "La Piscine", "Rocco et ses Frères" oder "Borsalino".
An de 60er a 70er Jore war hien ee vun de populäerste Schauspiller am europäesche Kino. Vun 2010 un huet sech den Delon da méi fir Theater interesséiert.

2018 dréit hie säi leschte Film, ma wéinst gesondheetleche Problemer ass dee Projet net fäerdeg ginn. 2019 gouf hien zu Cannes mat enger Éiere-Palm fir säi Liewenswierk geéiert, déi lescht vun enge sëllegen Auszeechnungen.
 
An de Schlagzeile war den Delon awer net nëmme wéinst sengem beruffleche Succès, mee och wéinst privaten Turbulenzen. Seng laangjäreg Bezéiung mat der däitscher Schauspillerin Romy Schneider huet hien ëmmer nees an d'Schlagzeile bruecht. A rezente Jore waren et virun allem Streidereie vu senge Kanner ëm dem Alain Delon seng Finanzen a seng Gesondheet, déi fir Opmierksamkeet gesuergt haten.

Den Alain Delon war keen onëmstriddene Charakter. Hie gouf an der Vergaangenheet accuséiert, e Chauvinist gewiescht ze sinn an och géint eng vu senge Frae gewalttäteg gewiescht ze sinn. Och seng Ënnerstëtzung fir de Front National huet fir Diskussioune gesuergt. 1968 ass dem Delon säi Bodyguard ëmbruecht ginn. Well deen eng Affär mat senger deemoleger Fra Nathalie Delon gehat soll hunn, stoung och den Alain Delon an der Ëffentlechkeet am Verdacht.

E Sonndeg de Moie koumen och schonn déi éischt politesch Reaktiounen op den Doud vun der franséischer Kino-Legend Alain Delon. De franséische President Emmanuel Macron huet de Schauspiller op X als "franséischt Monument" bezeechent.

Den Eric Ciotti, dee sech bei de Wale mat dem Rassemblement National zesumme gedoen hat, huet op der Plattform X dem Delon säi Patriotismus gelueft. Hien hätt als "Homme de droite" ëmmer eng bestëmmten Iddi vu Frankräich vertrueden. D'Valérie Pécresse, Presidentin vun der Ile de France, schreift och op X: "Äddi, léiwen Alain."