Den US-Schauspiller James Earl Jones ass gestuerwen

© THEO WARGO GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
Niewent senger Stëmm, déi wichteg fir seng Karriär war, huet hien awer och a villen Hollywood-Filmer an um Broadway matgespillt.
Elo koum déi traureg Nouvelle, dass den James Earl Jones am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass.
D'Nouvelle vum Doud vum Jones am Alter vun 93 Joer ass séier duerch d'Medie gaangen. Den Acteur, deen an aarme Verhältnisser am Mississippi opgewuess ass, huet laang wärend senger Jugend getuddelt. En huet och aacht Joer laang guer net geschwat an huet seng Froen an Äntwerten op e Blat Pabeier geschriwwen. Bis e Professer op der High School e jonken James Earl Jones mat Poesie faszinéiere konnt.
Den James Earl Jones konnt sech fréi an senger Karriär en Numm am Theater maachen, spéider stoung de Schauspiller als King Lear am Central Park op der Bün an als Othello um Broadway. D'Stëmm, déi aacht Joer laang net ze héiere war, zielt haut zu de markantste Stëmme vun eiser Zäit. Den James Earl Jones ass d'Stëmm an der Originalversioun vum Darth Vader a "Star Wars" an natierlech och vum Mufasa an "The Lion King". Laang hat e bekannten amerikaneschen Noriichtesender dem James Earl Jone seng Stëmm fir d'Jingele benotzt, nämlech CNN.
Sechs Joer virun dem éischte Star Wars krut den James Earl Jones eng Oscar-Nominatioun als beschte Schauspiller fir de Film "The Great White Hope". En Éieren-Oscar koum dunn am Joer 2012. Mam Doud vum James Earl Jones huet Hollywood e wierklech sympathesche Star verluer.