Francis of Delirium war mat engem Live-Optrëtt bei KEXP an den USA
Ënnert de Fans vun Indie- an alternativer Musek dierft KEXP deene meeschte wuel e Begrëff sinn. Elo huet och eng Lëtzebuerger Band et op eng Live-Session gepackt.
Déi Lëtzebuerger Rockformatioun "Francis of Delirium" mat der Musekerin a Sängerin Jana Bahrich un der Spëtzt, haten en Optrëtt mat Interview bei KEXP. Heibäi handelt et sech ëm en enorm populären an och bekannte Musekssender aus Seattle an den USA, dee sech virun allem mat alternativer Musek, dacks Rock an Indie-Rock, beschäftegt.
An deem Kader ginn och reegelméisseg Live-Sessions mat Bands aus der ganzer Welt organiséieren, dorënner Gréisste wéi Run The Jewels, Alt-J, Artic Monkeys, Macklemore, Idles, King Gizzard & the Lizard Wizard oder Slowdive, fir der nëmmen e puer ze nennen.
Den 10. September ass d'Live-Sessioun vun Francis of Delirium säitens KEXP publizéiert ginn, dat wéi gewinnt op hirem Channel op Youtube, dee mëttlerweil iwwer 3,3 Milliounen Abonnenten huet. D'Live-Sessioun selwer gouf de 7. Juni schonn enregistréiert.
Gespillt huet d'Band hei d'Lidder "Blue Tuesday", "The Funhouse", "Ballet Dancers (Never Love Again)", "Real Love" a "Give it Back to Me". Dono gouf d'Band dann och nach traditionell interviewt an hei huet den Host vun der Emissioun och direkt Interêt um klenge Lëtzebuerg gewisen, virun allem gouf kuerz iwwert déi Lëtzebuerger Indie-Musekszeen an natierlech iwwert d'Band selwer geschwat.
Dobäi koum bei enger Recherche am Archiv eraus, dass Francis of Delirium déi éischte Lëtzebuerger Band ass, déi esou en Geleeënheet fir en Optrëtt bei KEXP an den USA bis ewell kritt huet.