
De Museksunterrecht zu Lëtzebuerg steet virun enger grousser Reform: Vun der Rentrée 2026/2027 u gëtt de Solfège, offiziell Formation musicale (FM) genannt, grondleeënd moderniséiert, fir de Contenue an d’pädagogesch Approchen un déi aktuell Entwécklungen unzepassen. Den Educatiounsministère huet zesumme mat engem Aarbechtsgrupp aus Vertrieder vun de Conservatoiren a Museksschoulen en neie Parcours ausgeschafft, deen de Fokus virun allem méi staark op d’Praxis leet.
D’Zuel vun de Schüler am Solfège geet vu Joer zu Joer erop, eleng fir 2025/2026 gouf et iwwer 22.000 Inscriptiounen. Ma nëmmen 12% fueren no de véier obligatoresche Jore weider.
Fir d’Schüler an Zukunft méi laang un de Museksunterrecht ze bannen, soll de Solfège méi praktesch ginn, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert: “Jo de Solfège war villäicht e bësse verstëbst an och net méi kand- a jugendgerecht. Dofir gi mir een neie pedagogesche Wee, fir méi praktesch, méi no un den Instrumenter, méi no um Musek maachen a Musek spillen ze sinn. Et brécht schonn e bësse mat der Gewunnecht, mat der Traditioun, och fir den Enseignant. Dees muss ee sech hei ëmmer bewosst sinn. Et weess een awer och, dass d’Enseignanten eigentlech och d’Necessitéit gesinn, fir nei Weeër ze goen.”

Bis ewell stoung d’Theorie am Mëttelpunkt – eng Approche, esou d’Micky Thein, d’Coordinatrice vum Aarbechtsgrupp, déi iwwerlieft ass. Den theoretesche Solfège bleift zwar en obligatorescht Fach, gëtt awer an engem neien Tronc commun iwwer fënnef Joer anescht strukturéiert, dee vum Alter vu sechs Joer un zougänglech ass.
D’Micky Thein: “D’Kand steet am Mëttelpunkt, an iwwer déi véier, respektiv fënnef Joer, ass alles op d’Praxis opgebaut. Dat heescht mir liewe fir d‘éischt d‘Musek, mir spiere se, mir sangen se, éier mir se herno theoretesch kennen zréck ginn. Dat heescht, déi éischt zwee Joer gëtt de Sockel gebaut, d’Basis gëtt gebaut. Mir sange vill. An dat drëtt, véiert Joer gëtt dat da verdéift, och mat Theorie. An dat fënneft Joer ass da fir déi, déi wëllen, dat ass scho bal fräiwëlleg. Nom véierte Joer kënne si ophalen a wa si dat fënneft Joer maachen, gëtt et eng Verdéiwung an et geet ganz vill em d‘Analyse an d‘Harmonie.”
Och d’Evaluatioun vun de Schüler gëtt reforméiert: Amplaz vun zwee Jury-Exame gëtt et elo just nach een, sou d’Micky Thein weider: “Mir mussen d’Realitéit vun engem Museker herno zréckginn. Eng Realitéit ass net, dass een op enger Bün steet an eng Gamme spillt. Eng Realitéit ass, dass een e Concert ka spillen. Dacks sinn déi Examen opgebaut gewiescht, dass een zwee Joer laang op den éischten Examen hi geüübt huet, an duerno den zweeten Examen, an eigentlech ass d‘Musek an d‘Freed op der Streck bliwwen. An dofir gëtt den éischten Exame rausgeholl, dat gëtt net méi gepréift, an den zweeten Deel vum Exame bleift weiderhi bestoen.“

D’Evaluatioun gëtt dann och nei opgedeelt, sou datt d’Nott, déi den Enseignant iwwer d’Joer gëtt, dann zu 1/3 an den Examen zu 2/3 zielt.
Fir d’Enseignanten op d’Reform virzebereede gi gezielte Formatiounen ugebueden an nei Léierbicher ausgeschafft, déi – genee wéi déi aner Schoulbicher – gratis zur Verfügung gestallt ginn.