Déi spektakulär Flucht vun 2 Lëtzebuerger
Zwee Lëtzebuerger ass 1944 d’Flucht aus engem Niewelager vum KZ-Buchenwald gelongen. Hire Coup gouf elo verfilmt.
80 Joer ass et hier, dass Lëtzebuerg vun den Nazie befreit ginn ass. Aus de Krichsjoere ginn et vill Geschichten z’erzielen. Schéiner, vun der Schan, vu Kollaborateuren a Couragéierten. Eng dovunner erzielt de Regisseur Marc Thoma a sengem neie Film «Operatioun Pauly».
«Et ass en historesche Film. Eng onwarscheinlech Geschicht. Köpenick héich 10 kann ee soen», seet de Marc Thoma. D’Mannéier, wéi déi 4 jonk Männer duerch hir Flucht awer direkt e puer Mol hiert Liewen hu musse riskéieren, wier nach méi dramatesch wéi d’Geschicht vum falschen Haaptmann Köpenick.
De Film spillt um Enn vum Fréijoer 1944 a weist fir d’éischt déi gewëssenhaft Preparatioun vu de 4 Prisonéier, fir aus dem Lager Arolsen, engem Niewelager vum KZ-Buchenwald, auszebriechen. De 4. Juli 1944 war et dann esou wäit. Et war den Dag, wou si hire Plang ëmgesat hunn an déi 2 Lëtzebuerger Pierre Schaul an Nekel Wolff, sou wéi och de Belsch Labalue an de Pollak Korzynski sech duerch d’Bascht gemaach hunn.
2 Joer laang Recherche
Fir dës Geschicht opzeschaffen, huet iwwer 2 Joer gedauert, ier gedréint ginn ass. «Dat ass net esou einfach, un all déi Donnéen erun ze kommen. Et huet ee mussen an Däitschland goen, fir Recherchen ze maachen», erkläert de Marc Kimmen vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzbeweegungen ASBL. Ënner anerem wier een am Bundesarchiv gewiescht an an den Archiven vun der Gedenkstätte Buchenwald an deenen vun Arolsen.
Sou akribesch wéi méiglech gouf versicht, d’Geschicht nozezeechnen an dono duerzestellen. Wéi déi 4 jonk Männer, Ufank 20 Joer, déi wäit iwwer 300 Kilometer laang Streck iwwer Arolsen, Marburg, Koblenz, Treier bis Waasserbëlleg deels zu Fouss zréckgeluecht hunn.
Mat besonneschem Virwëtz huet awer och d’Schwëster vum Nekel Wolff op d’Avant-Première vum Film gewaart, fir méi iwwert d'Flucht gewuer ze ginn. «Wat ech weess, dat weess ech am Fong nëmme vum Héiere-Soe vu mengen Elteren. An der Nuecht hu se un d’Dier geklappt, wou se erëmkomm sinn. Mäi Papp huet ganz vill Omlett fir si gemaach. A meng Mamm huet gekuckt, dass se fir déi Nuecht bei enger Nopesch verstoppt gi sinn», erzielt déi 86 Joer al Lucie Wolff.
Bis zu der Befreiung vum Land hu sech d’Jongen dono musse weider verstoppen. Nom Krich ass de Pierre Schaul an d’Arméi gaangen an am Alter vun 43 Joer verstuerwen. Den Nic Wolff war an d’Gendarmerie gaangen a gouf 61 Joer al.
De Film Operatioun Pauly leeft vun e Mëttwoch un an de Kinoe queesch duerch d’Land. E Freideg den Owend war d’Avant-Première am Festsall zu Kielen.