Beim Mulles - Eng Plaz wéi keng aner"Hei gouf et keen Alter, ma d'Musek an d'Freed un hir goufe gefeiert"

RTL Lëtzebuerg
Zoufälleg koum hei kaum ee laanscht, de fréiere Päerdsstall läit verstoppt bei engem Feldwee hannert de leschten Haiser zu Bouneweg. 
Vu Gast Waltzing bis The X: Leschten Owend am Kultur-Schapp "Beim Mulles"
Zu Bouneweg beim Mulles war déi lescht Joerzéngten d’Musek doheem. Ma elo gëtt d’Hal ofgerappt.

24 Joer war hei d’Musek doheem! Dat duerch den Emille Kinnen, genannt Mulles. A sengem Schapp, dee mat vill Léift isoléiert an dekoréiert gouf, goungen der vill an an aus an hunn och do gespillt oder nei Bands sinn do entstanen. Vu Gast Waltzing, dem Grund Club, bis hin zu Creadence Clearwater Revival, och e Jeff Herr huet hei fréier geprouft a bis viru kuerzem d’Band The X.

Ma elo ass Schluss beim Mulles. Seng gelounten Hal gëtt ofgerappt. Nei Haiser kommen dohi stoen. Mir waren nach emol laanscht, kuerz virun der leschter Soirée op enger Plaz wéi keng aner zu Lëtzebuerg.

© Violetta Caldarelli / RTL

Back to Top
CIM LOGO