Iwwer d'Aussoe vum Donald Trump huet d'Welt nawell net schlecht gestaunt, lo gëtt weider gelaacht an zwar wéinst der Parodie "Eating the Cats".

De südafrikanesche Museker David Scott, besser bekannt als The Kiffness huet aus der Diffamatioun vum US-Presidentschaftskandidat Donald Trump, dass Migranten zu Springfield Kazen an Hënn vun den Awunner iessen, e satiresche Song gemaach. Seng éischt Parodie iwwer den Trump ass et net, ma déi hei huet lo den Tour op de soziale Reseaue gemaach, weltwäit.

Kleng technesch Spillereien hunn et méiglech gemaach, dass de Speech vum Trump "se iessen d'Hënn, se iessen d'Kazen, se iessen d'Hausdéiere vu Leit, déi do liewen" gesonge kléngt. D'Stëmm vum US-amerikaneschen Ex-President geet sou erop an erof, dass déi antëscht legendär Sätz wéi eng Melodie eriwwerkommen.

De Scott huet dann awer ausgesot, weder den Trump nach d'Harris z'ënnerstëtzen, hien huet et einfach just witzeg fonnt, wat den Trump do vu sech ginn huet. Nach méi witzeg wier et gewiescht, doraus e Lidd ze komponéieren, dat sech positiv op d'Liewe vun Déieren auswierke soll. D'Recettë vum Lidd wëll The Kiffness dem Déierenheem Clark County SPCA zu Springfield spenden.

De Museker war iwwregens och ganz rezent zu Lëtzebuerg. E Méindeg 23. September hat hien en Optrëtt am Atelier.