31 Joer ale Sänger Liam Payne ass dout

© AFP
De fréiere Member vun der Band "One Direction" ass zu Buenos Aires vum Balcon vun engem Hotelszëmmer am drëtte Stack erofgefall a gestuerwen.
De Liam Payne ass nëmmen 31 Joer al ginn. De Sänger wier eng 13 bis 14 Meter déif gefall a wier, wéi d'Rettungsekippe siwe Minutten nom Ongléck op d'Plaz koumen, schonns dout gewiescht. Dat huet e Spriecher vun de Sécherheetsautoritéiten aus der argentinescher Haaptstad matgedeelt.
Am Viraus war zu Buenos Aires wuel een Noutruff agaangen, an deem vun engem "aggressive Mann" rieds war, dee méiglecherweis alkoholiséiert oder drogéiert wier. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hu si en Opprall héieren an d'Läich vum Liam Payne dunn am Haff vum Hotel fonnt.

© AFP
De Liam Payne gouf 1993 gebuer, 2010 ass hien eng éischte Kéier méi bekannt ginn, wéi hie bei der Casting-Show "The X-Factor" ugetrueden ass. Richteg bekannt ass hie spéider ginn, dat als ee vu fënnef Membere vun der Band "One Direction". 2016 hat d'Band ugekënnegt, eng Paus wëllen ze maachen. Säi Band-Kolleeg Harry Styles ass als Solo-Kënschtler deen erfollegräichsten One-Direction-Member. Och de Liam Payne huet sech no 2016 als Solo-Kënschtler probéiert.
Privat hannerléisst de Payne ee siwe Joer ale Jong. An de leschte Joren huet de Sänger och ëffentlech iwwer Alkoholprobleemer geschwat.