"Aura" ass dat neit "Jugendwuert vum Joer"

D'Resultater vun der Ofstëmmung vum Langenscheidt-Verlag sinn e Samschdeg de Moien zu Frankfurt op der Buchmesse annoncéiert ginn.
"Aura" gouf dëst Joer vu Jugendlechen an Däitschland als "Jugendwuert vum Joer" gekréint. An der Jugendsprooch an an de soziale Medie gëtt "Aura" besonnesch am Kontext vum Sport benotzt, wa Rieds geet iwwer Sportler oder Trainer, deenen eng gewëssen Ausstralung zougesprach gëtt. An et gëtt och eng "negativ Aura" respektiv "Minusaura".
Diskussioune gouf et wéinst dem Wuert, wat et op déi zweete Plaz gepackt huet. "Talahon" ass ofgeleet vun engem arabeschen Ausdrock an de Begrëff bezeechent jonk Männer, déi gefälschte Luxuskleeder undinn a mat enger Trainingsbox an eng gëlle Ketten ronderëmlafen a sech wichteg maache wëllen. De Begrëff hat dëst Joer zu Kontroversen a deels rassisteschen Diskussiounen an Däitschland gefouert.