"Et ass cool, a Projete matzespillen, wou een och selwer gäre kuckt"

© Chris Schagen
D’Hana Sofia Lopes war déi leschte Méint an den USA an huet zu Lissabon eng Haaptroll an engem däitsche Film gespillt. Ënnert anerem doriwwer schwätzt si am Sonndesinterview.
E Rendez-vous fir en Interview ze fannen, war net evident. D’Lëtzebuergerin mat portugiseschen Originnen ass den Ament vill an der Welt ënnerwee.
Besonnesch freet si sech iwwer d’Engagement bei engem däitsche Film, deen am Fréijoer zu Lissabon spillt.

D'Hana Sofia Lopes spillt am Film "Flucht aus Lissabon" un der Säit vum Hans Sigl. / © ZDF/Armanda Claro
"Vill Leit mengen ech géif do och Portugisesch schwätzen, et war awer alles op Däitsch."
Nei Detailer iwwer de Film konnt d’Schauspillerin net ginn.
Vill Sproochen ze schwätzen ass e Virdeel
Der Hana Sofia Lopes hir Mammesprooch ass Portugisesch. Insgesamt ka si siwe Sproochen - dat wier e groussen Avantage an der Film- an Theaterwelt. Einfach well ee vill méi ee grousse Marché ka bedéngen.
"Et ass fantastesch, wann ee Schauspiller ass a wann een esou vill Sprooche kann. Ech hunn dëst Joer en Theaterstéck op Franséisch gemaach, ech hunn eent op Lëtzebuergesch gemaach, ech hunn e Film op Portugisesch gedréint an ech hunn ee Film op Däitsch gedréint."
Och Italieenesch a Spuenesch kann d'Schauspillerin schwätzen. Fir de Film mam Hans Sigl huet si besonnesch un hirer däitscher Sprooch geschafft, fir de Lëtzebuerger Accent ze verléieren.
An enger Zeen hätt d’Regisseurin awer gefrot, kuerz ze improviséieren: "An der Postproduktioun hunn ech héieren, dass et total Lëtzebuergesch kléngt, also mat engem lëtzebuergeschen Accent."
Filmwelt am Wandel duerch Streaming-Déngschter
Streaming-Plattforme gesäit d’Schauspillerin als grouss Chance. D’Krimi-Serie "Capitani" hätt duerch Netflix eng extrem grouss Visibilitéit am Ausland kritt.

An der zweeter Staffel vu Capitani huet Si d'Maria gespillt. / © Capitani
Nächst Joer ass d’Hana Sofia Lopes och an engem "Disney+"-Film ze gesinn. Detailer wollt si keng nennen, ma si wäert am Film iwwer de Marvin Gaye d’Ivy Keaton spillen.
"D’Streaming-Plattformen si global Acteuren, wou een och als europäesche Schauspiller Chancë kritt, wou ee soss vläicht net kritt hätt. Well d'Leit sinn einfach vill méi oppen, och fir Akzenter, fir einfach ënnerschiddlech Stiler. An dat ass eppes, wat wierklech e grousse Virdeel ass.”
Als Schauspillerin géif si gären emol an enger grousser Produktioun matspillen, wou den Zenario an de 70er Jore spillt. Nieft de Kleeder wier och d’Musek do en Atout.
"Also sou Superhero-Movië si wierklech guer net mäint. An ech fannen, als Artist ass et ëmmer cool, wann een a Projete matspillt, wou een och selwer als Zuschauer gäre géif kucken."
Et wier net einfach vill eleng ze sinn, och wann een dat gär huet
Als Schauspillerin ass ee vill ënnerwee. Esou ee Liewe misst een och wëllen, esou d’Actrice. Si wier e Mënsch, dee gären eleng ass. Am Summer wier Si mat engem Kolleeg mat engem Camper ënnerwee gewiescht:
"Dat ass fir mech schwéier, wann ech permanent mat engem ënnerwee sinn. No zwee Deeg hunn ech dann sou ee Moment, wou ech soen: Hei, lauschter, ech ginn elo mol e puer Stonnen trëppelen, ech muss elo eleng sinn. Dat heescht, an deem Sënn sinn ech e bëssen esou introvertéiert, souzesoen. Mee ech fille mech ni wierklech eleng, well ech dat eebe gären hunn. Ech hunn sou eng Wanderlust a mir. Mee wann een dat awer net huet, da gëtt et natierlech schwéier, well et ass och schwéier, wann ee ganz eleng op der anerer Säit vun der Welt ass."
Lëtzebuerg bleift hir Heemescht
"Ech si gären zu Lëtzebuerg, hei spieren ech mech Doheem", erkläert d’Hana Sofia Lopes.
Viru Kuerzem war si Member vun der Jury vum CinEast-Filmfestival an der Cinémathèque.
Als Schauspillerin wier et interessant gewiescht, ze gesinn, wéi international Jurye Filmer bewäerten:
"Wéi gesäit e Regisseur e Film? Wéi analyséiert en e Film? Wéi gëtt do debattéiert?"
Am Januar steet d’Hana Sofia Lopes dann nees zu Lëtzebuerg op der Theater-Bün.