Kontrovers gëtt aktuell a Kulturkreesser de Choix diskutéiert, wien Lëtzebuerg op der Biennale 2026 zu Venedeg vertrëtt.

Ouni Concours oder Ausschreiwung war et Kultur¦lx, déi dem Stater Casino fräi Hand ginn haten, fir e Kënschtler ze designéieren. Dee Choix ass dunn op d'belsch-Lëtzebuerger Artistin Aline Bouvy gefall, déi sech duerch hir speziell, eenzegaarteg Skulpturen an Installatiounen auszeechent.

Kultur¦lx ass de Commissaire fir de Konschtpavillon zu Venedeg a fir d'Gestioun vum Budget responsabel.

Wéi de Kulturminister Eric Thill dem Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum schreift, wier dëst eng exzeptionell Prozedur, wëll 2026 och den 30. Anniversaire vum Stater Casino géif duerstellen, déi de Lëtzebuerger Pavillon an der Lagunestad kuratéieren.

Fir d'Selektioun vun der Biennale 2028 soll dann en neien demokrateschen an transparente Selektiounsprozess gëllen, sou den DP-Minister weider a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Dëst Joer war den Andrea Mancini mam Kollektiv "Every Island" fir d'60. Biennale am Lëtzebuerger Pavillon present - 2026 ass dëst wéi gesot d'Aline Bouvy.