E Freideg war déi lescht Emissioun vun der Radiossendung "Iwwert d'Maueren ewech"

© C.Spithoven
Et ass eng Sendung, déi an der Lëtzebuerger Radio-Welt eenzegaarteg ass. Bei "Iwwert d'Maueren ewech" op Radio Ara, konnte sech Prisonéier an hir Frënn a Famill Lidder wënschen.
Duerch d'Sendung gefouert huet de Jeannot Schmitz, dee sech zanter ville Jore fir d'Rechter vun de Gefaangenen engagéiert.
Ugefaangen huet alles um Radio "RadAU", dem Virleefer vum haitege Radio Ara. Wéi de Jeannot Schmitz e Freideg am Interview mat der Wochenzeitung "Woxx" erkläert huet, hätt hien d'Iddi kritt, wéi e Prisonéier him am Oktober 1989 e Bréif geschriwwen hätt, well hie bestëmmte Lidder wollt lauschteren.
Am Januar 1990 gouf dann déi éischt Emissioun vun der Sendung diffuséiert. Wat um Ufank eng reng Musek-Sendung war, huet sech schliisslech zu enger Sendung entwéckelt, an där d'Thematik vum Prisong méi breet diskutéiert, an op Probleemer am Lëtzebuerger Prisongssystem opmierksam gemaach gouf.
E Freideg um 18h30 war dann déi lescht Emissioun vun "Iwwert d'Maueren ewech". Dat huet de Jeannot Schmitz op sengem Facebook-Kont matgedeelt.