Am Alter vu 55 Joer
De President vum Ciné Sura Michael Battenberg ass gestuerwen

© RTL Grafik
De Ciné Sura huet e Méindeg op de Soziale Medien den Doud vu sengem President Michael Battenberg bekannt gemaach.
Hien hat d'Presidence vum Kino am Joer 2005 vum Michel Kneip iwwerholl.
Wéi et an engem Facebook-Post vum Ciné-Sura heescht, hätt de Kino ënnert senger Presidence méi op Blockbuster an Evenementer gesat, ouni dass een dobäi seng Léift zum klassesche Film verluer hätt.
De Michael Battenberg gouf 55 Joer al. Hien hannerléisst eng Fra an e Bouf.
Am meeschte gelies