Zu der beschte Sendezäit leeft dësen ZDF-Thriller, an deem d'Lëtzebuergerin Hana Sofia Lopes d'Haaptroll spillt.

Interpol, Geheimdéngschter, Krounzeien, Hacker, Walmanipulatioun... Lauter Ingrediente fir e gudde Film. A matten dran d'Hana Sofia Lopes. Déi Lëtzebuerger Actrice spillt nieft dem Hans Sigl (Bergdoktor) d'Haaptroll an dësem Thriller, dee vum ZDF produzéiert ginn ass.

E Méindeg den Owend um 20.15 Auer gesitt Dir "Flucht aus Lissabon" am regulären ZDF-Programm. Alternativ ass en an der ZDF-Mediathéik ze streamen.

Leschte Freideg war d’Hana Sofia Lopes am LIVE!, zesummen mam Tommy Schlesser deen muer säin eegene Ur-Grousspapp am ‘Marginal’ spillt.

Leschten Hierscht war déi villbeschäftegt Actrice Invitée am RTL Sonndesinterview, an hat eis deemools iwwer d'Dréiaarbechten zu Lissabon verzielt.

An d'Hana Sofia Lopes war och schonn zu Gaascht am RTL Afterwork.

Puer Informatiounen am Virfeld iwwer "Flucht aus Lissabon" liest Dir an dësem Artikel vum Tagesspiegel.