Onvergiess: De Pir Kremer 17.08.1919-28.03.2000

Kee konnt den "r" esou rulle wéi de Pir Kremer. De Käercher Jong, 1919 gebuer, war eng vun de groussen onverkennbare Radiosstëmmen an eisem Land. Hie war awer och Schrëftsteller, bekannt duerch seng Sketcher, Theater-Revuen, Gedichter an Aphorismen. An natierlech: De Staminet. De satiresche Wocheréckbléck ass vun 1964 bis an d'Joer 2000 all Sonndeg op der Antenne vun RTL gelaf, am Ganze waren et eng 1.800 Episoden, déi lescht dovun den 12. Mäerz 2000, zwou Woche virum Pir Kremer sengem Doud.

Seng Schreif war gären och emol méi pickeg an esou erstaunt et net, dass hie verschiddener vu sengen Texter ënnert dem Pseudonym Pik verëffentlecht huet. Picken, awer net ze vill, grad esou vill wéi et néideg ass, oder wéi de Pir Kremer et an engem Interview vun 1982 ausgedréckt huet: "Et muss ee wëssen, wéi wäit een ze wäit goe kann". 

2019, fir den 100. Gebuertsdag vum Pir Kremer, gouf et eng Ausstellung ronderëm säi Liewen a Wierk. De Katalog vun der Ausstellung mam Titel "Pir Kremer – ZesummegePIKtes. - Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag – e Réckbléck op Liewen a Wierk" (CNL, 2019) war laang vergraff. Eng nei Oplo ass elo fir den Abrëll 2025 geplangt!

RTL

© CNL

Bis et esou wäit ass, kann ee sech den Documentaire "Pir Kremer -d'Revanche vum klenge Mann" hei op RTL Play ukucken. De Film vum Frank Grotz aus dem Joer 2019 ass en Hommage un eng onvergiesse Perséinlechkeet, déi d'Lëtzebuerger Kulturlandschaft entscheedend gepräägt huet.

Pir Kremer: d’Revanche vum klenge Mann
Virun 100 Joer koum zu Käerch de Pir Kremer op d’Welt. De Fränk Grotz kuckt a sengem Documentaire op säi Liewen zeréck.