Fir seng Dokteraarbecht sicht de Jacques Spedener vun der Universitéit Lëtzebuerg nach Leit, déi seng Fuerschung ënnerstëtzen – fräiwëlleg an anonym.

"Lëtzebuerg ass jo bekannt fir seng räich Méisproochegkeet an och multikulturell Gesellschaft, wou et ganz normal ass, an engem Gespréich tëscht verschiddene Sproochen hin- an hierzewiesselen", dat seet de Jacques Spedener, Doktorand op der Uni Lëtzebuerg. Dee Phenomeen géif een als Sproochewiessel oder Code-Switching bezeechnen. "Mech interesséiert, wéi huele Leit dëse Phenomeen eigentlech am schrëftleche Lëtzebuergesche wouer? Genau dat ënnersichen ech mat menger Fuerschung."

De Jacques Spedener iwwer Code-Switching

D'Motivatioun, deem Phenomeen op de Grond ze goen, déi huet de Jacques Spedener duerch Beobachtungen a sengem eegenen Alldag fonnt: "Mir ass opgefall, selwer mat engem Hannergrond an der Anglistik, mat engem Bachelor an English Studies, dass ech am Lëtzebuergesche ganz oft an d'Englescht wiesselen. An net nëmmen an d'Englescht, mee och natierlech an d'Franséischt oder an d'Däitscht. Et kënnt ëmmer drop un, wat et ass. Ob et elo eng Citatioun ass, e Spréchwuert oder en techneschen Term."

De Jacques Spedener iwwer d'Motivatioun fir seng Fuerschung

Am Lëtzebuergesche kéim et einfach ëmmer erëm vir, datt een an enger aner Sprooch wiesselt. Et wier einfach schéin, datt ee sech bei anere Sprooche kéint zerwéieren, esou de Fuerscher. Dat kéinten eenzel Wierder, ganz Sazdeeler oder esouguer e eenzel Abschnitter an enger anerer Sprooch sinn.

De Jacques Spedener: Wat ass e Sproochewiessel?

Mat senger Etüd wëll de Jacques Spedener elo erausfannen, wéi d'Leit op esou Sproochewiessele reagéieren: "Fält de Sproochewiessel op am Lëtzebuergeschen? Sinn d'Leit sech bewosst, wéini e Sproochewiessel gemaach gëtt? Wa jo, wat léisst dat an de Leit aus? Huet een eng Preferenz, fir elo zum Beispill méi op dat Däitscht opzepassen, also Sproochewiessel vum Lëtzebuergeschen an d'Däitscht oder vum Lëtzebuergeschen an d'Englescht? Dat ass dat, wat ech wëll kucken: Wéi stinn d'Leit dozou?"

De Jacques Spedener iwwer seng Fuerschung iwwer Sproochewiessel

No senger Etüd kann de Fuerscher dann och soen, wéi d'Leit zum Däitschen, Franséischen an Engleschen an engem lëtzebuergesche Kontext stinn – op déi dräi Sprooche gëtt sech nämlech an der Dokteraarbecht "Sproochewiessel am geschriwwene Lëtzebuergeschen – en Annotatiounsprojet" limitéiert.

De Jacques Spedener iwwer Sproochewiessel am Lëtzebuergeschen
RTL

Op der Sich noch Participanten a Participanteën: De Jacques Spedener vum lëtzebuergeschen Departement vun der Uni Lëtzebuerg.

Praktesch Informatiounen

Fir Äntwerten op seng Froen ze kréien, sicht de Jacques Spedener nach Leit, déi bereet sinn, matzemaachen a seng Fuerschungsaarbecht ze ënnerstëtzen – anonym a fräiwëlleg, och wann een als Entschiedegung e Bong ka gewannen.

Wie ka matmaachen?

All Persoun, déi Lëtzebuergesch schwätzt, egal wéi al a mat egal wat fir engem Hannergrond.

Firwat sollen d'Leit matmaachen?

D'Participatioun hëlleft, méi iwwert d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg erauszefannen. Net just dem Doktorand, mee och der Uni Lëtzebuerg an natierlech och dem Kontext vu Lëtzebuerg selwer.

Wéi kann ee matmaachen?

Online, andeems een de QR-Code scannt oder direkt geet op: https://csanno.selfhost.co. Sech registréieren, e Passwuert uginn a scho geet et lass. Trotz Registréierung sinn d'Äntwerten anonym.

A wat huet een dann ze maachen?

Déi ganz Etüd ass an dräi Deeler opgedeelt:
1) e puer Froen iwwer sech selwer (2 min)
2) eng éischt richteg Aufgab: entscheeden, ob markéiert Wierder fir ee selwer Lëtzebuergesch sinn oder net (10 min)
3) an nach eng zweet Aufgab: an engem kuerzen Text Sproochewiesselen detektéieren (max. 80 min, et mécht een awer just esou vill Aufgaben, wéi ee wëllt)

Wichtegen Detail: D'Annotatioun geet aus technesche Grënn just um Computer oder Laptop, well eng Maus oder en Trackpad gebraucht gëtt.

RTL