No Homejacking zu EeschwëllerZwee Verdächteger zu Paräis an Untersuchungshaft, sollen u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Oktober gouf et zu Eeschwëller bei Wolz eng Affär vun engem Homejacking, bei där d'Awunner vum Haus iwwerwältegt gi waren.
D’Police am Asaz de 27. Oktober zu Eeschwëller.
© Domingos Oliveira

Am Oktober gouf et en Homejacking zu Eeschwëller bei Wolz. Zu Paräis goufen an deem Kontext Mëtt Januar zwee Männer vu 34 Joer festgeholl, esou déi franséisch Zeitung “Le Parisien”. Si sëtzen an Untersuchungshaft a waarden drop, fir un d’Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert ze ginn. RTL Lëtzebuerg hat leschte Freideg de Lëtzebuerger Parquet mat genee dëser Informatioun konfrontéiert, krut awer bis elo nach keng Confirmatioun fir dat, wat déi franséisch Zeitung en Dënschdeg gemellt huet.

Den Iwwerfall war de 27. Oktober zu Eeschwëller. Der Zeitung no hate sech am Ganzen dräi Männer als Livreur verkleet an hate gemaach, wéi wa si Blumme géinge bréngen. Si haten d’Lëtzebuerger Koppel mat enger Schosswaff an engem Messer menacéiert a wollten 300.000 Euro. Finalement hate se sech awer mat just 9.000 Euro, enger Auer a Kreditkaarten duerch d’Bascht gemaach, sou schreift et “Le Parisien”.

Alles Informatiounen, déi sou änlech och hei am Land zirkuléiert sinn deemools, déi d’Lëtzebuerger Justiz awer net erausginn hat. Bei der Enquête konnt d’Gefier identifizéiert ginn, grad ewéi de Fleurist, bei deem d’Blumme kaaft gi waren, schreift déi franséisch Zeitung weider. Dernieft wier de Fluchtwon um Retour vun engem Radar geblëtzt gi gewiescht. Dowéinst hätten all d’Indicen op dës Männer vu Paräis higedeit.


Back to Top
CIM LOGO