Australien13 Joer ale Jong schwëmmt véier Stonnen duerch d'Mier, fir seng Famill ze retten

AFP, iwwersat vun RTL
An Australien ass een Teenager véier Stonne laang vum oppene Mier un d'Küst geschwommen, fir seng Famill ze retten.
In Australien ist ein Teenager vier Stunden lang vom offenen Meer an die Küste geschwommen, um seine Familie zu retten. Der 13-jährige Austin Appelbee legte vier Kilometer zurück.
An Australien ass een Teenager véier Stonne laang vum oppene Mier un d’Küst geschwommen, fir seng Famill ze retten.
© ABC/AFP

Den 13 Joer alen Austin Appelbee huet véier Kilometer am Mier zeréckgeluecht, nodeems hie mat senger Mamm a sengen zwee méi jonke Geschwëster virun der Südwestküst vun Australien an d’Mier ofgedriwwe war.

Op der Plage ukomm, huet hien d’Secouristen alarméiert. No enger erfollegräicher Rettungsaktioun hunn déi en Dënschdeg déi “iwwermënschlech” Iwwerliewensinstinkter vum Jong gelueft.

Den Austin war e Freideg am Nomëtteg mat senger Mamm a sengen zwee Geschwëster mat engem Kajak a mat Stand-up-Paddle-Boards virun der Küst vun der Vakanzendestinatioun Quindalup ënnerwee gewiescht, wou d’Famill vu staarke Wellen iwwerrascht gi war. D’Waasser war an d’Boot komm an d’Boards ëmgekippt. D’Famill gouf eraus op dat oppent Mier gedriwwen.

“Ech hat wierklech Angscht”, huet den 13 Joer alen Austin der Chaîne ABC seng couragéiert Rettungsaktioun beschriwwen. Hien hätt sech beim Schwammen ëmmer nees gesot: “Ech wäert et packen.” Hien hätt awer och “un all meng Frënn an der Schoul an a menger chrëschtlecher Jugendgrupp geduecht” a sech virgeholl, net ze stierwen. “Ech hu just gesot: Ok, net haut, net haut. Ech muss weidermaachen.”

Hien hätt fir d’éischt eng Schwammwest ugehat, déi hie beim schwammen awer gestéiert hätt, esou de Jong. Also wier hien ouni seng West weidergeschwommen. D’Welle wiere “riseg” gewiescht. “Ech war komplett ausser Otem, awer ech hu guer net gespiert, wéi midd ech war”, esou den Austin. Hien hätt probéiert, un déi schéi Saachen ze denken an hätt souguer d’Titelmelodie vun der Kannerserie “Thomas, déi kleng Lokomotiv” gesongen.

Mat Brasse, Kraulen a Réckeschwammen hätt hie schliisslech d’Plage erreecht, huet den Austin erzielt. Hien huet den Noutruff geruff a mat de Wieder “Meng Famill ass dobaussen um Mier” no dem Asaz vu Schëffer, Helikopteren a Fligere gefrot. Seng Mamm a seng zwee Geschwëster konnte schliisslech aus dem Mier gerett ginn, wou si sech un engem Paddleboard festgehalen haten.

“Hie schätzt, datt hien déi éischt zwou Stonne mat enger Schwammwest geschwommen ass”, esou de Rettungsschwëmmer Paul Bresland der Chaîne ABC géigeniwwer. Dunn hätt de “couragéierte Jong” Angscht kritt, “datt hien et mat der Schwammwest net packe géif. Also huet e se ausgedoen an ass déi nächst zwou Stonnen ouni Schwammwest geschwommen.” D’Leeschtung vum Jong wier “ongleeflech” an “iwwermënschlech”, esou de Bresland.

De Polizist James Bradley huet ergänzt: “Seng Determinatioun a säi Courage hu schlussendlech d’Liewe vu senger Mamm a senge Geschwëster gerett.”

Vill Unerkennung krut och d’Mamm vum Jong, déi stonnelaang mat hirem 12 Joer ale Jong Beau an hirer 8 Joer aler Duechter Grace an de Welle gewaart huet. Dem 13 Joer alen Austin ze soen: “Probéier, un d’Ufer ze kommen an Hëllef ze sichen” wier eng vun de “schwéiersten Entscheedungen” an hirem Liewe gewiescht, esou d’Joanne Appelbee australesche Medie géigeniwwer. Wéi d’Sonn ënnergaange war, hat si Angscht, “datt den Austin et net gepackt huet.” An esou engem Moment “geet dir alles duerch de Kapp.”

Back to Top
CIM LOGO