Nodeems et an de leschte Wochen zu etlechem Hin an Hier ronderëm de suspendéierten Dokter Philippe Wilmes komm war, wäert den Orthopäd den Owend no 19.30 Auer Invité sinn am Journal op RTL Tëlee Lëtzebuerg, fir Erklärungen ze ginn zu dësem Fall ze ginn.
Datt bis elo nach kee Recours géint d’Decisioun vum 22. Januar vun der Gesondheetsministesch gemaach gouf, géing net heeschen, datt keng weider Aktioun vum Affekot vum Dokter kéim. Et géing een einfach déi prozedural Etappe respektéieren, hunn dem Dokter Wilmes seng Affekoten an engem Communiqué e Méindeg geschriwwen.
D’Patientevertriedung hat dee selwechten Dag matgedeelt, datt sech 25 Patiente bei hinne gemellt hunn, déi vum Dokter Wilmes operéiert goufen an dono gesondheetlech Problemer haten, respektiv negativ Konsequenzen dovu gedroe hunn. En Dënschdeg hu si d’Zuel esouguer schonn op 35 chiffréiert. Bei méi Patiente léich en zweete medezineschen Avis vir, deen hannerfreet, ob eng Operatioun néideg war, schreift d’asbl an engem Communiqué.