
Den Dr Stéphane Gidenne war eréischt zënter engem knappe Joer op deem Posten. Den Direkter an de Verwaltungsrot hätten déi Decisioun d’un commun accord geholl, heescht et an engem Communiqué.
Den Interim maachen d’Finanzecheffin Safaâ Moujahid an den Operationellen Direkter Dr Thomas Dentzer.
De Rekrutements-Prozess gouf lancéiert, heescht et aus dem LNS.
Den Dr Stéphane Gidenne war viru sengem Wiessel op Diddeleng 10 Joer Direkter vum private Laboratoire Ketterthill. No just engem Joer am Nationale Santés-Laboratoire geet hien elo en neie professionelle Wee.
Den LNS hat an de leschte Jore mat laangen Delaien, interne Streidereien an enger ganzer Serie un Demissiounen net just positiv op sech opmierksam gemaach.