Am Alter vun 82 Joer ass den amerikanesche Museker, deen zu Woodstock e groussen Optrëtt hat, un der Longekrankheet COPD gestuerwen.

Säi Stil huet d'Musekslandschaft vun de spéiden 1960er an de fréien 1970er gepräägt. Bekannt gouf de Sly Stone duerch säin Optrëtt beim legendäre Woodstock Festival a mat Hitte wéi "Family Affair". 1966 hat de gebiertege Sylvester Stewart am Texas seng Band "Sly and the Family Stone" gegrënnt. Et war eng vun den éischte Gruppen, déi sech souwuel ethnesch wéi och geschlechtlech divers zesummegesat huet, wat zur deemoleger Zäit e radikale Statement war. Si hunn de Sound vun enger Generatioun markéiert, an domat och de Genre vum Funk entscheedend mat beaflosst. Soul, Rock, psycheedelesch Kläng, alles war erlaabt, a gouf zu enger Inspiratiounsquell fir de Prince, den Ice Cube, d'Beastie Boys oder och nach d'Red Hot Chili Peppers.

E Meilesteen an der Karriär vum Sly Stone war säin Optrëtt am August 1969 um Woodstock Festival. De Concert um 3.30 Auer an der Nuecht hat de Publikum elektriséiert. De Song "I want to take you higher" gouf zu engem vun den Highlighte vum ganze Festival. Mee trotz dem Succès goung et duerno biergof. Drogen, finanziell Problemer, gesondheetlech Réckschléi: d'Karriär koum net méi a Schwong. 1993 gouf de Sly Stone mat senger Band an d'Rock n' Roll Hall of Fame opgeholl. Kuerz viru sengem Doud hat hie nach d'Dréibuch zu sengem beweegte Liewe komplettéiert. Zu engem spéideren Zäitpunkt wäert d'Famill de Projet mat der Ëffentlechkeet deelen.