Nodeems d'Haaptbün vum Tomorrowland Festival ofgebrannt war, hunn d'Organisateuren alles dru gesat, fir hire Visiteuren awer e komplette Programm unzebidden.

Ouni Ënnerbriechung gouf zanter dem Brand dru geschafft, mat Zäiten eng Ersatzbün opzeriichten. Hëllef koum dobäi och vu Metallica. Hiren Equipement gouf mat an déi nei, improviséiert Mainstage agebaut. D'Boxe si vun enger Metallica-Bün, déi bei hirer Europatour agesat gi war, an aktuell fir zukünfteg Concerten an der Belsch gelagert war. Um 17 Auer war et dann endlech sou wäit an déi éischt Musek ass op der Mainstage gelaf.

Dram vum Nosi bleift bestoen: Hie fiert op den Tomorrowland

Optrëtt um Tomorrowland: DJ Nosi am Gespréich mam Dan Spogen

"Et gëtt genuch Party" de Weekend gemaach, erkläert de bekannten DJ. A fir sech dorobber virzebereeden, war hien e Freideg de Moie schonn en Tour lafen.

A mat der Party mengt den Nosi eben den Tomorrowland Festival an der Belsch. Et ass ee vun deene gréissten, wann net esouguer dee gréisste Festival fir elektronesch Musek op der Welt. Wéi den Nosi virun zwee Deeg d'Biller vum Mainstage a Flame gesinn huet, huet hien als éischt geduecht, datt do eng KI am Spill wier, déi déi Fotoe generéiert huet. Séier war him awer kloer, datt et echt wier. Déi grouss a spektakulär Haaptbün vum Festival stoung a Flamen an ass komplett ofgebrannt.

No der Realisatioun, seet den Nosi, huet et him am Häerz wéigedoen. "An éischter Instanz war et mer onwichteg, ob ech elo do opleeë kann oder net", mä éischter fir de ganze Festival, déi ganz Organisatioun hannendrun. Den DJ huet gemierkt, wat dat mat him mécht a wéi wichteg dee ganze Festival ass. D'Organisateuren hunn et fäerdeg bruecht, e "Gefill vun Zesummenhalt" bei de Leit opzebauen.

Och dem DJ Nosi, dee jo um Tomorrowland wäert optrieden, sengen Informatiounen no wäert de Festival sinn. Fir de Lëtzebuerger schéngt et och esou ze lafen, wéi et am Ufank geplangt war. Hie trëtt um Crystal Garden op. "Mir hunn elo emol déi Informatiounen. Mä et weess ee jo ni, wat sech elo nach kann änneren", gëtt hien awer ze bedenken.

En Oflaf  "getimed on spot"

D'Organisateure këmmere sech ëm vill, confirméiert de jonke Lëtzebuerger Museker. "Si soen der genau, wou s de solls sinn, ëm wéi vill Auer, och deen Dag selwer. Wéi wäit am Viraus datt s de solls do sinn." Och déi eenzel Rendez-vouse mat de Radioen zum Beispill time si fir de Kënschtler. "Ech hu seelen esou organiséiert Leit oder esou en organiséierte Festival gesinn".

Trotz dem strengen Zäitplang freet sech den Nosi op de Festival. "Dat emol ze gesinn a wierklech ze realiséieren". Et ass eppes, wouvun hien ëmmer gedreemt huet. "An och nach all déi Lëtzebuerger ze gesinn", an aner Leit lénks e riets ze begéinen, mat hinnen ze schwätzen. "Ech mengen, datt wäert e Moment vu Stolz sinn, fir eis alleguer e bëssen."

De Museker huet natierlech seng Saache scho preparéiert. Mä hie kennt sech selwer. "Ech preparéieren ëmmer Saachen an herno spillen ech et ëmmer anescht." Hie reagéiert op dat, wéi d'Leit reagéieren a wéi d'Situatioun ofleeft. "Mä natierlech mécht ee sech ganz vill Gedanken, heiansdo esouguer vläicht ze vill". Ronn annerhallef Stonn wäert den Optrëtt vum DJ Nosi um Tomorrowland daueren, e Samschdeg vu 14 bis 15.30 Auer.