Zwee lëtzebuergesch DJ'en, de Nosi an d'Ogazón (Nathalie Faber stinn op engem vun de gréissten Elektro-Festivalle vun der Welt, hannert de Platinnen.

Eng musikalesch a symbolesch Rees, déi net nëmmen de Publikum, deen aus iwwer 200 Länner vun der Welt agereest ass, begeeschtert huet, mee och e staarkt Zeeche fir Nationbranding gesat huet – ganz ouni staatlech Subventiounen. 

Drama virum Start: D’Haaptbün steet a Flamen 

De 16. Juli, just 40 Stonne virum Start vum Festival, huet e Feier déi 160 Meter breet a 45 Meter héich Haaptbün komplett zerstéiert. Wat wéi en Albdram ugefaangen huet, gouf duerch eng spektakulär Aktioun gerett: Metallica huet spontan Deeler vun hirer Tour-Bün an d'Toun Anlag zur Verfügung gestallt. An nëmme 36 Stonne gouf eng nei Bün opgeriicht – e logistescht Meeschterstéck.

Nosi & Ogazón 

Déi 2 Lëtzebuerger DJ'en hu sech vum Héieresoe kannt, si sech bis um Tomorrowland nach ni begéint. Den Nosi, bekannt aus der nationaler Zeen, huet um 14 Auer Mëttes um Crystal Garden gespillt,  net déi bescht Zäit, mee seng Fans waren nawell op der Plaz. Seng modern Beats hu fir richteg Stëmmung gesuergt.

D'Ogazón, mat biergerlechem Numm Nathalie Faber, wunnt zu Berlin a gehéiert zu de renomméierten DJanes an der internationaler Elektro-Underground-Zeen. Si ass eng Vinyl-Puristin, déi mat oldschool Techno, House a progressiv Trance de Publikum matrappt. Hir Performance um 19 Auer owes war ee vun de musikalesche Highlights vum Festival. 
"D’Welt vu muer soll freedeg, faarweg a gerecht sinn – Tomorrowland ass d’Bün dovun.“ 

400.000 Leit, 200 Natiounen, 1 Missioun 

Tomorrowland ass méi wéi just Musek. Et ass eng visuell a klanglech Fantasiewelt, déi 600 Artisten op 16 Bünen iwwer 2 Weekender zesummebréngt. De Festival steet fir Fridden, Léift an Diversitéit – an dëst Joer och fir Resilienz.  D’Haaptbün, déi verbrannt ass, gouf net verstoppt, mee als Symbol vun Tomorrowland 2025 integréiert. Eng nei Welt, gebaut op de Reschter vun der aler .

Zuelen hannert dem Spektakel 

38.000 Leit hunn am Camping „Dreamville“ dee sech op 78 Hektar ausgebreet huet, geschlof

600+ Artisten, dorënner David Guetta, Swedish House Mafia, Tiësto

15.000 Mataarbechter ware bedeelegt bei de Virbereedungen

We Are One World: D’Organisatioun hannert dem Festival huet 2022 e Chiffre d’Affaires vun 164 Milliounen Euro gemaach. Zuele vun de Joren duerno si net publik gemaach ginn

Iwwer 1.200 belsch Fournisseure waren agebonnen, wat zu 557 Vollzäit Jobs gefouert huet

D’Haaptbün, déi verbrannt ass, war 160 Meter breet a 45 Meter héich.

Tomorrowland 2025 huet gewisen: Musek verbënnt, och wann et brennt. An Lëtzebuerg war net nëmmen dobäi – mee matten dran.