Gutt eng Woch nom Doud vun der Heavy-Metal-Legend, ass dem Ozzy Osbourne säi Sarg duerch seng Heemechtsstad Birmingham gefouert ginn.

Dausende Fans hunn dem verstuerwene Sänger dobäi Äddi gesot, ma och "Merci" zougeruff. Um Enn vum Trauercortège gouf de schwaarze Sarg, op deem mat rosa Blummen den Numm "Ozzy" geschriwwe war, vu senger Wittfra Sharon a senge Kanner Aimee, Kelly an Jack accueilléiert.

Nieft den dausende schwaarz-ugedoene Fans an de Stroosse vu Birmingham, konnt een dem Cortège och per Livestream nokucken. Gestart war en an der Broad Street, wou am Stil vum berüümte Walk of Fame zu Hollywood d'Nimm vu bekannte Perséinlechkeete vu Birmingham am Trëttoir veréiwegt sinn. Leschte Stopp war eng Bréck, déi nom Ozzy Osbourne senger Band Black Sabbath benannt ass a wou an deene leschten Deeg schonn dausende Fans Blummen a Bréiwer néiergeluecht haten. Hei stoung dem Osbourne seng Famill, zesumme mam Buergermeeschter vu Birmingham Zafar Iqbal, deen a senger Ried den Osbourne als "méi wéi eng Musekslegend" bezeechent huet.

Nom Cortège gouf den Osbourne an enger privater Zeremonie bäigesat. Grousse Perséinlechkeeten aus der Musek wéi Elton John oder Metallica-Sänger James Hetfield goufen hei erwaart.