Taylor Swift annoncéiert 12. Album "The Life of a Showgirl"

© Matt Winkelmeyer / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den US-Popstar Taylor Swift huet hiren 12. Album, mam Numm "The Life of a Showgirl" annoncéiert.
De "Vir-Ververkaf" ass en Dënschdeg kuerz no Mëtternuecht op der Kënschtlerin hirer Websäit lassgaangen.
Um Site gesäit een am Online-Shop Biller vun enger verschwommener Vinyl-Plack, enger CD an enger Kassett. Si sinn hannert engem Schlass verstoppt, mam Hiweis, datt den Albumcover méi spéit wäert devoiléiert ginn. Um Site fënnt een ausserdeem eraus, datt nach kee Publikatiounsdatum annoncéiert gouf, ma datt den Album, fir déi déi e virbestellen, virum 13. Oktober wäert verschéckt ginn.
Op hirem Instagram-Account huet d'Kënschtlerin ee kuerze Video verëffentlecht, op deem eng Vinyl-Plack vum neien Album verschwomme gewise gëtt. "Ech wollt iech eppes weisen", seet d'Sängerin am Video an d'Kamera. "Dat hei ass mäi ganz neien Album "The Life of a Showgirl"", seet d'Taylor Swift an engem Clip aus dem Podcast "New Heights" vun hirem Frënd, dem American-Football-Spiller Travis Kelce.
"The Life of a Showgirl" gëtt den Nofollger vum Taylor Swift sengem leschten Album "The Tortured Poets Department", deen d'lescht Joer erauskoum a sech eleng um éischten Dag 1,4 Millioune Mol verkaaft huet.
Déi 35 Joer al Kënschtlerin huet mat hirer "Eras"-Tour iwwert déi lescht zwee Joer ausserdeem eng ganz Rei Rekorder gebrach. D'Tournée mat 149 Concerten uechter d'Welt huet iwwer 2 Milliarden Dollar abruecht, wat et zu der lukratiivster Tour an der Museksgeschicht gemaach huet. Fans hunn deels ganz déif fir Tickete missen an d'Täsch gräifen.