No der Messerattack am Garer Quartier d’lescht Woch, bei där eng Persoun mat engem Messer blesséiert gouf, kritt de presuméierten Täter säi Flüchtlingsstatut vum Minister ewechgeholl. Dat huet den Inneminister Léon Gloden en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber annoncéiert.
De Minister huet effektiv d‘Recht engem Immigrant de Flüchtlingsstatut ewechzehuelen, wann dësen eng Gefor fir d‘Sécherheet vum Land ass. De Léon Gloden huet deemno elo decidéiert, dat ze maachen. Dobäi preziséiert de Minister, datt dat keng Konsequenz op d‘Enquête hätt.
Eis Nouvelle vun d’leschter Woch: