Sonndesinterview mam Tun Tonnar"Als Produzent bass de am Fong och e bëssi Therapeut"

David Winter
An dësem Sonndesinterview hu mer eis mam Lëtzebuerger Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar, alias Turnup Tun iwwer Inspiratioun, Erfolleg a Gold-Placken ënnerhalen.
De Sonndesinterview mam Tun Tonnar
Mir hunn eis mam Lëtzebuerger Museker a Produzent iwwert säi Schaff-Prozess am Studio a seng Inspiratiounsquellen.

Dausende Views a Klicks op senge produzéierte Lidder a Videoen war an ass den Tun Tonnar mëttlerweil gewinnt, ma eng gëlle Plack, déi hien elo rezent fir eng vu senge leschte Produktioune mat de Glueboys krut, ass dann dach en neie Moment fir hien.

Am Gespréich mat him gëtt relativ séier kloer, dass, wéi bei all Kënschtler, och hien einfach dofir brennt, Konscht, a sengem Fall "Musek", ze maachen. Dat huet sech mat de Joren, déi den Tun Tonnar musikalesch aktiv ass - sief et ufanks an enger Band, spéider als "Turnup Tun", respektiv eben als Produzent am Studio - net geännert. Net nëmmen ass hien duerch dës Passioun an de leschte Joren onëmstridden eng bekannte Gréisst an der Lëtzebuerger HipHop-Zeen ginn, ma huet sech an de Jore virun allem och en Numm als erfollegräichen a selbstännege Museksproduzent gemaach.

Iwwert dem Tun Tonnar seng Musek, Produktiounen oder och mol juristesch Exkurse mat Politiker dierften déi meescht Bescheed wëssen, respektiv gouf scho vill driwwer geschwat a geschriwwen. Am Sonndesinterview wollte mir awer méi iwwert de Mënsch Tun Tonnar gewuer ginn, wéi hie sou tickt a schafft.

© RTL

Musikalesch Inspiratioun an de Prozess am Studio

D'Rad erfënnt een, speziell an der Musek, wuel net méi komplett nei. Fir nei Musek ze produzéieren, brauch et niewent dem Know-How ganz kloer Inspiratioun. An déi fënnt den Tun Tonnar beispillsweis a Musek aus dem Ausland: "Wat ech heiansdo maachen, ass, dass ech kucke ginn, 'wat ass elo grad an Thailand an den Charts, wat ass am Ecuador an den Charts? Wat sinn déi net sou gängeg Museksmäert? Wat leeft do sou?' Vum amerikaneschen an englesche Marché kriss de hei ganz vill mat, vum däitschen a franséischen och, oder de ganze Latino- a K-Pop-Beräich. An ech wëll och e bësse kucken, wat ass an deenen Nischen dran, wat gëtt et alles? (...) Ech war rezent zum Beispill e puer Wochen am Senegal, do gëtt et eng Museksrichtung déi Mbalax heescht, eng Zort Afro-Musek awer mat nach méi Perkussioun an nach méi Rhythmus."

Neies entdecken, sech kreativ ausdrécken, dat dreift de Produzent, dee betount, dass dës musikalesch Oppenheet awer net bei all Produzent sou ausgepräägt ass. Et géifen der ginn, déi sech exklusiv op "hire Stil" konzentréieren, an hirem Studio sëtzen a reng HipHop-Beats produzéieren. E "Beatmaker" eben. Hei wier hien anescht gepoolt: "Am Endeffekt schaffs de als Produzent mat Leit an du muss halt wierklech, wierklech oppe si fir dat, wat vun den Artiste kënnt".

Dëst wier him no hautdesdaags guer net sou selbstverständlech. An Zäite vum Internet ass et logescherweis extrem einfach ginn, fir e Lidd oder en Album ze maachen, ouni dass Kënschtler a Produzent sech jeemools eemol gesinn hunn. Eppes dat den Tun Tonnar als eng positiv Entwécklung gesäit: "Fannen ech cool. Net all Mënsch ass, ech soen elo mol, extrovertéiert wéi ech a wann s du en introvertéierten ‘Nerd’ bass an du bass einfach doheem de ganzen Dag, ma bass awer mega gutt an deem wat s de mëss, mä du traus dech awer elo net aner Leit kennen ze léieren... Also da ‘go for it’. Also ganz am Eescht, notz den Internet, schreif Leit op Instagram un, schreif Artisten un, schéck hinne puer Beats. Dat fannen ech mega, dass et dat gëtt!"

© RTL

A wéi wäit den Tun Tonnar sech an de kreative Prozess vum Kënschtler mat abréngt, hänkt vu Fall zu Fall of. D'Erfarung vum Kënschtler, mat deem hie schafft, spillt do eng wichteg Roll. Bei Newcomer mécht et z.B dacks Sënn, déi e wéineg mat der Hand ze huelen: "An do ginn ech dann och eran, do hëllefen ech beim Text schreiwen, do hëllefen ech bei der Melodie, ‘sang dat bëssi sou, rap dat bëssi sou’. Du muss ee bëssen e Feeling hunn, fir ze wëssen, wéi vill Hëllef wëlle si a wéi vill Hëllef loosse se zou. Du muss hinnen och kloer maachen, dass se kënnen 'Nee' soen a wierklech oppe solle si fir Kritik"

Einfach eng Visioun duerchboxen, ze vill an de Prozess piddele goen, wann et a sech net sou erwënscht ass, géif déi ganz Kollaboratioun futti maachen. Ma en "Egal..., ass scho gutt sou” no all Take, ass natierlech och net dat Gielt vum Ee. Hie beschreift et als eng Zort "Ping Pong", en Hin an Hier. An dann entsteet eppes Neies, eng Iddi, op déi een eleng vläicht ni komm wier.

Bei Artiste wéi dem Lëtzebuerger Museker Maz Univers, déi Erfarung an eng genee Visioun hunn, wéi e Lidd soll zum Schluss ausgesinn, leeft et natierlech anescht of. Hei gëtt mol eng Iddi am Studio elaboréiert, dono géif een dann als Kënschtler heem goen an den Text eleng schreiwen. Dat wier och komplett an der Rei sou, well et eng aner Zort Artist ass, mat enger anerer Approche. Oppen ass den Tun Tonnar fir déi zwee, sou laang ee gutt kommunizéiere kann an d’Chemie natierlech passt: "Du bass e bëssen Therapeut am Fong. Wa mir lo eng éischt Sessioun hunn, da schwätzen ech gär einfach mol just mat de Leit, fir rauszefannen: 'Wat ass dat fir eng Persoun? Wat wëll déi Persoun maachen? Wou kënnt déi hier? Wat beschäftegt déi Persoun am Liewen?'"

Bei der Lëtzebuerger Sängerin Irem beispillsweis goung et emol drëms, dass et wärend enger Sessioun am Studio keng Inspiratioun hat, einfach ‘eidel’ war. Schlussendlech gouf genee dëst benotzt, also dëse kreative Vide als Haaptthema, fir en Text ze schreiwen an e Song doraus ze maachen. Alles dat sinn Erfarungswäerter, déi ee sammelt an ee vu Kéier zu Kéier zu engem bessere Produzent maachen. Ma och hien hätt ufanks Feeler gemaach, aus deenen hie geléiert huet.

Mat wiem schafft een zesummen? A wisou mat de Glueboys?

Ufanks huet den Tun Tonar sech schwéier gedoen, "Nee" ze soen, wann e Kënschtler fir eng Session ugeklappt huet. Den Numm war nach net sou bekannt an der Zeen an et ass een natierlech dann op bal all Optrag ugewisen, fir Suen ze maachen. Positiv doru war, dass hie méi oppe ginn ass, wat de Stil vu Musek betrëfft. Mëttlerweil sicht hie sech awer ëmmer méi d’Leit aus, mat deenen hie wëll Musek maachen. "Nee" seet hie just, wann et eng Begrënnung gëtt, ënnert anerem wann nach ze wéineg Erfarung do ass. Ma dann gëtt hie Projeten awer och mol un aner Produzente wieder, déi eventuell genee dës Erfarung nach brauchen. Heiansdo passt et och einfach net.

Genee richteg war wuel de Choix mat de Glueboys eppes zesummen ze produzéieren. Fir d'Lidd "Adria" huet hien elo rezent eng gëlle Plack kritt, dat fir iwwer 15.000 Verkeef an Éisträich, e Chiffer, deen op eng komplizéiert Aart a Weis iwwer beispillsweis Streaming-Plattforme wéi Spotify ëmgerechent a verrechent gëtt. 2023 huet hien den Trupp zu Wien kennegeléiert, dat iwwert de Film-Produzent Ganaël Dumreicher an de Museker Kevin Cool. Do koum dunn eent bei d'anert, et huet ee sech relativ séier gutt verstanen a sech drop gëeenegt, mol eng Studio-Session zesummen ze maachen. D'Resultat war du puer Méint drop Gold.

D’Glueboys kommen aus dem Pinzgau, enger Regioun, déi quasi an der Mëtt vun Éisträich läit: "Si hu sou e krassen Dialekt a rappen och op deem Dialekt op Techno-Beats. E bëssen am Stil vum Ski Aggu awer mat Dialekt. Ech hunn do relativ vill Parallellen zu Lëtzebuerg gesinn. Deemools goufe si net sou eescht geholl, well si jo just op Dialekt Musek maachen. Déi meescht maachen dat op Héichdäitsch, well da kanns de och an Däitschland Erfolleg hunn. An dat ass och zu Lëtzebuerg esou, wann s de op Lëtzebuergesch Musek méchs."

Reng vun den Zuelen, ass dat iwwregens net säin erfollegräichste Song, un deem hie matgewierkt huet. Dat dierft "So good" vum Nosi sinn, dat bei iwwer 50 Millioune Streams läit. Hei koum allerdéngs vill vum Nosi selwer, den Tun Tonnar war do éischter fir de Fäinschlëff responsabel, sou hie selwer.

Wéi wichteg ass Erfolleg? Gëtt et "de Mainstream" an der Musek nach? A wéini kënnt nees eppes vum Turnup Tun?

Den Tun Tonnar seet ganz kloer, dass hien zougëtt, dass him Erfolleg schonn op engem gewëssene Level wichteg ass, ma vill méi wichteg wier fir hien awer, eng cool Session zesumme mat engem Artist ze hunn, mat deem hie sech gutt versteet a mat deem Musek entsteet, déi hie gutt fënnt: "Alles wat ech wollt, ass, dass ech vun der Musek ka liewen. Dat ass alles, wat ech wollt. Dass ech net nach muss en Job oder soss eppes niewebäi maachen, mä dass ech ka Musek maachen an domadder meng Sue verdéngen. Dat ass fir mech Erfolleg, alles anescht ass Plus."

Dobäi kënnt, dass fir hien d'Zuel u Streams a Verkeef net wierklech eppes bedeit, et ass "einfach net richteg gräifbar". Wann een allerdéngs eng éischte Kéier op engem Concert ass an d'Leit a Realitéit gesäit, déi engem seng Musek gären hunn, wier dat eppes ganz anescht. Dës Fixatioun op "Zuelen", fënnt den Tun Tonnar schued.

© RTL

De klassesche Mainstream gëtt et net méi fir den Tun Tonnar, well s de mat ville verschiddene Sounds an Niche-Musek erfollegräich kanns ginn: "Dat heescht, du kanns Metal maachen an du kanns mega erfollegräich domadder ginn, du kanns déck weirden Hyper-Pop maachen, du kanns déck erfollegräich domadder ginn. Du kanns Techno maachen, du kanns erfollegräich domadder ginn. Déi meescht Leit soen, wanns de se frees, wat e se vu Musek lauschteren, dass se bësse vun allem lauschteren."

An dat wier genee dat, wat positiv um Streaming ass. Duerch d'Diversitéit vu Playliste wier ee méi oppe ginn an et entdeckt een och mol Lidder a Stiler, déi ee soss net gelauschtert hätt. An doduerch, sou d’Iwwerzeegung vum Lëtzebuerger Produzent, géif de Goût vun de Leit méi breet gefächert ginn. A genee sou ass den Effekt awer och bei Artisten, déi dann hiren Horizont erweideren an sou méi experimentéier-freedeg ginn.

Drop ugeschwat, wéini den Tun Tonnar nees als Turnup Tun méi aktiv gëtt, seet hien, dass hie sech am Moment net do drop konzentréiert, hie produzéiert gär elo mat anere Leit. Hei muss ee verstoen, dass et dat ass, dat "at the end of the day" Suen erabréngt an erlaabt, dass hien dat ka maachen, wat en am Moment mécht. Dout ass de Projet Turnup Tun awer net, ma d'Prioritéite leien zu dësem Moment einfach enzwousch anescht. Et dierf ee gespaant sinn, wat nach alles sou an nächster Zäit aus dem Artist a Produzent Kreatives erausspruddelt.

Back to Top
CIM LOGO