Villa Vauban an Tate ModernEng Ausstellung iwwer brittesch Konscht am 18. a 19. Joerhonnert

Isabelle Gillen
Elo iwwert de Summer, wou jo vill gereest gëtt, kuckt och d’Villa Vauban an enger neier Ausstellung op eng Zäit zeréck, an där vill brittesch Kënschtler op dat europäescht Festland gereest sinn. An der Ausstellung, déi zesumme mat der Tate Modern Galerie zu London ausgeschafft gouf, kritt een och e puer Vuë vu Lëtzebuerg ze gesinn.
"Grand Tourists to Turner" an der Villa Vauban
D'Expo "Grand Tourists to Turner"

Mir befannen eis an der Zäit vum 18. a 19. Joerhonnert. Wärend der sougenannter Grand Tour ass virun allem déi brittesch Aristokratie vill a Frankräich, d’Schwäiz an an Italien gereest. Mat hinne sinn och vill Kënschtler gereest, déi den Optrag kruten, dat Ganzt a Form vu Molereie festzehalen. Dëst hat deemools e groussen Impakt op déi brittesch Molerei, erkläert de Londoner Curateur, David Blayney Brown, deen d'Selektioun fir d’Ausstellung an der Villa Vauban getraff huet:

"D‘Wierker, déi si op Reese gemoolt hunn, goufen duerno zréck an England bruecht an hu fir e gréisseren Interessi u Landschaften, der Natur a neie Platzen an der Molerei gesuergt. Net just um Kontinent, mee och a Groussbritannien selwer."

An der Ausstellung gesäit ee virun allem kleng Formater, well een op Reesen natierlech net esou vill Material mat sech droe konnt. Och hunn d’Kënschtler vun Uelegfaarwen op Gouache oder Waasserfaarwe gewiesselt an hunn dacks op der Plaz Skizze gemaach, déi se dann an hirem Hotel, oder doheem a Groussbritannien fäerdeg gemoolt hunn.

„Als Konsequenz dovunner, si Kënschtler vill méi si selwer ginn. Si si méi zu individuelle Persoune ginn, mat hiren eegenen Aart a Weise fir ze molen, mat eegenen Approchen. An dat geet iwwert de Stil eraus. Et ass eppes, wat vill méi perséinlech an individuell ass.“

Grouss Kënschtler zu där Zäit waren zum Beispill de Richard Wilson, den John Robert Cozens oder de William Turner, vun deenen eng Rei Wierker aus Reesen an der Expo ze gesi sinn. Ee But vun der Ausstellung war et, d’Biller nees op déi Plaz zeréck ze bréngen, déi se duerstellen. Och Lëtzebuerg gouf oft um Wee an Italien duerchreest. De William Turner war zweemol am Grand-Duché op Besuch.

"Hien huet souguer eng ganz Serie mat Gouache-Molereie gemaach, fir déi hie bloe Pabeier als Hannergrond benotzt huet a mat intensive Gouache-Faarwen driwwer gemoolt huet. Ech mengen, hien huet d’Faarwe vu Lëtzebuerg intensivéiert. Entweder dat, oder hien hat aussergewéinlech gutt Wieder, well d’Biller hunn all onheemlech kräfteg Faarwen. Dee bloen Hannergrond hëlt him ausserdeem en Deel vun der Aarbecht of."

D’Expo "Grand Tourists to Turner" an der Villa Vauban ass nach bis den 11. Oktober z‘entdecken.

Back to Top
CIM LOGO