
Lëtzebuerg fënnt dëst Joer op de Rencontres d'Arles net méi wéi gewinnt an der Chapelle seng Plaz, mä dofir an der Mécanique Générale. Hei huelen elo den Edward Steichen an d'Lisa Oppenheim Plaz fir eng Ausstellung ze presentéieren, déi sech mat der Roll vun der Natur an der Fotografie auserneesetzt.
"La Nature d’Edward Steichen" mécht een Deel vun dëser Ausstellung aus, déi 80 Fotoen, Dokumenter an och eng Molerei vum 1973 verstuerwenen amerikanesch-lëtzebuergesche Fotograf weist. Dëst stamen zum Deel aus dem Nationalmusée, dem CNA, der Kollektioun vu Rencontres d'Arles am Estate of Edward Steichen. Dobäi sinn och e puer Wierker, déi nach ni engem Public presentéiert goufen, wéi d'Ur-Enkelin vum Edward Steichen a Responsabel vum Estate of Edward Steichen Ariana Stahmer erkläert.
"Et ass onvirstellbar hei ze sinn a Wierker ze gesinn, mat deenen ech un de Mauere vu mengem eegenen Doheem opgewuess sinn an déi elo hei an dëser schéiner Ausstellung als Deel vun de Rencontres d'Arles hänken. Ech menge, wann een dee familiären Hannergrond huet, déi ganz Gaardenaarbecht a seng Léift zu der Natur, déi enk mat senge Lëtzebuergeschen Originne verbonne sinn, hëlleft dat immens fir alles, wat een hei gesäit ze kontextualiséieren. Ech fannen, dat hei war e wonnerbare Choix fir d'Ausstellung.“
D'Lisa Oppenheim beschäftegt sech gläichzäiteg a senger Expo mam Titel "Monsieur Steichen" mat de manner bekannte Praktike vum Edward Steichen a versicht, d'Relatioun tëschent der Fotografie an der Natur ze analyséieren. Dofir huet d'Fotografin Recherchen zu Lëtzebuerg an Amerika duerchgefouert. An enger änlecher Form gouf dës Ausstellung och schonn 2025 am Mudam gewisen.
De Fotografie-Festival Rencontres d'Arles an der Franséischer Kënschtlerstad leeft nach bis de 4. Oktober.