Futtball-WMVAR-Drama a Bellingham-Show: England waart op d'Schwäiz oder Argentinien

Steven Milbert
De Weekend goufen déi lescht zwou Véierelsfinallen tëscht England an Norwegen souwéi der Schwäiz an Argentinien gespillt an domadder déi lescht Tickete fir d'Halleffinalle verdeelt.
© Patricia de Melo Moreira / AFP

Am éischte Match vum Weekend huet sech England an engem enke Match mat 2:1 no Verlängerung géint Norwegen duerchgesat. De Bellingham war dobäi de Mann vum Owend a konnt d'Partie an der Verlängerung mat sengem zweete Gol entscheeden. England steet deemno an der Halleffinall vun der WM an trëfft do op de Vainqueur vum Match tëscht Argentinien an der Schwäiz.

Norwegen - England 1:2

1:0 Schjelderup (36'), 1:1 Bellingham (45'+2), 1:2 Bellingham (93')

England an Norwegen hu sech an der drëtter Véierelsfinall zu Miami eng intensiv éischt Hallschent geliwwert, an där et, virun allem zum Schluss vun den éischte 45 Minutten, op an of gaangen ass. D'Englänner haten zwar vun Ufank u méi Ballbesëtz an hunn de Match gréisstendeels kontrolléiert, mä géint eng kompakt norwegesch Defense hu laang déi kloer Iddien an déi néideg Präzisioun am leschten Drëttel gefeelt. Norwegen dogéint, huet sech no an no besser an de Match gekämpft a gouf an der 36. Minutt fir säi méi couragéierten Optrëtt belount. No engem Ballgewënn vum Berg géint de Kane huet déi norwegesch Ekipp séier ëmgeschalt. Den Ödegaard huet op de Schjelderup ofgeluecht, deen de Ball mat engem wonnerschéine Lénksschoss an de rietsen ieweschten Eck gesat huet. Kuerz virun der Paus hätt de Sörloth no engem séiere Konter esouguer op 2:0 stelle kënnen, huet allerdéngs déi falsch Decisioun geholl, well hien dunn am Alleingang e Gol schéisse wollt, woubäi hien dobäi den Haaland iwwersinn huet, dee matgelaf war an déi däitlech besser Schosspositioun hat.

Am direkte Géigenzuch huet England nach virum Säitewiessel zeréckgeschloen. No engem flaachen Uspill vum Gordon huet de Bellingham de Ball staark matgeholl, sech géint den Heggem behaapt an aus spatzem Wénkel an de rietsen ënneschten Eck getraff. Esou ass et dunn och mat engem 1:1 an d'Paus gaangen. Dëst an engem oppene Match, an deem England méi Kontroll hat, Norwegen awer déi méi geféierlech Momenter am Ëmschaltspill gewisen huet. Domadder ware fir déi zweet 45 Minutte souwuel fir England, ewéi och fir Norwegen nach alles dran.

Och an der zweeter Hallschent ass de Match tëscht Norwegen an England intensiv an ausgeglach bliwwen. D’Norweger si méi grëffeg aus der Paus komm, hunn héich gepresst an England kaum a Rou opbaue gelooss. Direkt nom Säitewiessel koum den Haaland du per Kapp zum Ofschloss, mä de Pickford konnt op Käschte vun engem Corner paréieren. Kuerz drop ass Norwegen eigentlech nees a Féierung gaangen: No engem Corner vum Ödegaard ass et am englesche Strofraum zu engem Gewurschtels komm, bei deem de Pickford fir d'éischt staark géint de Berg paréiert huet, ier den Heggem den Ofpraller aus kuerzer Distanz am Gol ënnerbruecht huet. No VAR-Asaz gouf de Gol awer zeréckgeholl, well den Haaland den Anderson am Virfeld vum Corner liicht gestouss hat. Eng haart Decisioun, soudatt et beim 1:1 bliwwen ass.

Och duerno ass Norwegen déi méi geféierlech Ekipp bliwwen. Besonnesch no Standards huet et am englesche Strofraum ëmmer nees gebrannt. Déi bescht Chance hat dobäi nees den Heggem, deen an der 76. Minutt no enger Flank vum Aursnes nëmmen d'Lat getraff huet. England hat an dëser Phas vill Gléck, net nees a Réckstand ze geroden. An der Schlussphas ass England dunn erëm besser an de Match komm. Virun allem iwwert de Saka sinn d’Three Lions nach eemol geféierlech ginn, mä och dës Aktiounen hunn net méi fir d'Decisioun gereecht. Trotz siwe Minutte Nospillzäit ass kee weidere Gol gefall. Domadder stoung et no 90 Minutten 1:1, an déi drëtt Véierelsfinall ass an d'Verlängerung gaagen.

An der éischter Hallschent vun der Verlängerung sollt et England geléngen, fir de Match ze dréinen. No engem sate, mä och zentrale Schoss vum Rogers konnt den Nyland de Ball net festhalen, soudatt de Bellingham goldrichteg stoung an den Ofpraller zum 2:1 verwäerte konnt. Kuerz drop hat England esouguer d'Méiglechkeet op d'Virentscheedung, wéi den Turpin no engem Duell tëscht dem Spence an dem Bobb fir d'éischt op de Punkt gewisen huet. De VAR huet awer nees agegraff, well de Spence de Kontakt aktiv gesicht hat. Den Eelefmeter gouf deemno zeréckgeholl, soudatt Norwegen weider am Match bliwwen ass, obschonns no 105 Minutten en 2:1 um Bou vum Match stoung.

Am zweeten Deel vun der Verlängerung huet England virun allem probéiert, déi knapp Féierung ze verwalten. D’Three Lions hunn de Ball dacks wäit an déi norwegesch Hallschent geschloen, fir Zäit vun der Auer ze huelen an d'Norweger vum eegene Gol ewechzehalen. Dës hu sech zwar net opginn an hu weider no vir gespillt, mä déi kloer Chancen sinn ausbliwwen. De Berg huet et nach eemol aus der Distanz probéiert, säi Schoss ass awer iwwert d'Lat gaangen. Op der anerer Säit hat England esouguer d'Méiglechkeet, de Match definitiv zouzemaachen, mä den Nyland huet säi Feeler virum 2:1 mat zwou staarke Paraden géint de Spence an de Saka nees guttgemaach. An de leschte Minutte gouf et fir Norwegen ëmmer méi schwéier, nach eng richteg Drockphas opzebauen. England huet clever Zäit vun der Auer geholl an d'Féierung schlussendlech iwwer d'Zäit bruecht. Domadder setzt sech d'Ekipp vum Tuchel mat 2:1 no Verlängerung duerch.

Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO