Zanter 1999 gëtt et se schonn Fréier als "Gaymat" bekannt, zitt d'Luxembourg Pride hautdesdaags dausende vu Mënschen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun un. Am Vierdergrond haut, wéi deemools: d'Fuerderung no Gläichberechtegung.
Um 14:30 Auer e Samschdeg goung et dunn am Garer Quartier lass, iwwer d'Avenue de la Liberté an de Pont Adolphe bis an d'Uewerstad, wou d'Street Fest um Knuedler op de Cortège gewaart huet.
Dausende vu Leit si matmarschéiert — dorënner och déi, déi sech als Allies bezeechnen, Ënnerstëtzer vun der queerer Communautéit:
"Ech war schonn ëmmer en Ally fir d'queer Community. An haut ass dat leider nach ëmmer wichteg, datt mer dat ënnerstëtzen, och fir déi nächst Generatiounen. Well esou wéi mer et gesinn, ass villes an der Welt net esou rosa, net esou Rainbow."
"Et ass wichteg fir eis, hei ze sinn. Och hautdesdaags ass et nach ëmmer wichteg, hei Präsenz ze weisen an ze weisen, datt Egalitéit wichteg ass, fir jiddereen", sou den Influencer Philippe Esch, och bekannt als "Argent difficile”.
Nieft der Feier-Stëmmung schwéngt awer och en eeschten Toun mat: Trotz Rechter a Visibilitéit gi queer Mënschen nach ëmmer Affer vu Gewalt, och no bei eis. Bei Verschiddene waren d'Gedanke beim Noahm, engem jonke Mann vu 19 Joer, deen Enn Mee zu Metz Affer vun enger vermuttlech homophober Dot gouf an e puer Deeg drop un de Suite vun der Attack gestuerwen ass.
"E jonke Mann ass viru Kuerzem zu Metz gestuerwen, an dat beweist nach eng Kéier, datt dee Movement weider muss gestäerkt ginn", seet de Sänger OKE.
Gefeiert gëtt e Samschdeg um Knuedler nach bis spéit an den Owend, mat Dragshows a Concerte vu lokalen an internationale Kënschtler. Den OKE steet owes selwer op der Bün. Fir hien ass Representatioun aus méi wéi engem Aspekt wichteg:
"Ech si mega frou, endlech an der Stad Pride ze hunn, ech fannen dat einfach wichteg. An en plus, als Afrikaner-Lëtzebuerger, fannen ech et mega wichteg, fir meng Leit hei ze sinn."
Vun elo un alternéiert d'Pride all Joer tëscht der Stad an Esch — 2027 heescht et also erëm: erof an de Süden.