"Smells Like Teen Spirit"Kult-Gittar vum Kurt Cobain kënnt ënnert den Hummer

RTL mat AFP
1994 ass de Nirvana-Sänger Kurt Cobain gestuerwen, elo gëtt eng vu senge Gittare versteet.
Mit ihr spielte Kurt Cobain den Grunge-Klassiker "Smells Like Teen Spirit" - nun wird die Kult-Gitarre des 1994 verstorbenen Nirvana-Sängers versteigert.
Mat der Gittar hat de Kurt Cobain de Grunge-Klassiker “Smells Like Teen Spirit” gespillt.
© AFP

Mat der Fender Mustang vun 1966 hat de Kurt Cobain de Grunge-Klassiker “Smells Like Teen Spirit” gespillt a gehéiert zu enger ganzer Sammlung vun Instrumenter an Erënnerungsstécker, déi am Mäerz bei Christie’s zu New York ugebuede ginn. Och eng Trommel mat Beatles-Logo drop, mat där Fab Four am Joer 1964 an der Ed Sullivan Show hiren Debut haten, sicht en neie Besëtzer.

All d’Instrumenter gehéieren zur Sammlung vum Jim Irsay. Den US-Entrepreneur, Museksfan a Football-Team-Besëtzer war d’lescht Joer gestuerwen. Als wäertvollst Stéck gëllt dem Kurt Cobain seng Gittar. Experten no kéint se bis zu 5 Milliounen Dollar abréngen. “Et ass eng Gittar mat besonneschem Kultstatus fir Mënsche vu menger Generatioun, déi de Grunge materlieft hunn”, sot d’Vertriederin bei Christie’s Amelia Walker, “a ‘Smells Like Teen Spirit’ war d’Hymn vun dëser Generatioun. De Video ass legendär.”
Nieft der Gittar wäerten och handgeschriwwen Iddie fir de Beatles-Hit “Hey Jude” vill Opmierksamkeet kréien. Donieft stinn nach Gittaren, déi vum John Lennon, Paul McCartney a George Harrison gespillt goufen, zur Offer.

D’Stee vum Jim Irsay senger Sammlung gëtt vum 3. bis 17. Mäerz online organiséiert. Déi wichtegst Stécker ginn dann de 12. Mäerz live zu New York ugebueden. En Deel vun de Recette geet u benevolle Organisatiounen, déi sech fir de gudden Zweck asetzen.

Back to Top
CIM LOGO