“Um europäesche Plang gekuckt, ass eis eng Sensatioun gelongen”, sou den Institut national de recherches archéologiques, kuerz INRA, deen zu Rolleng an der Gemeng Miersch amgaangen ass, eng merowengesch Siidlung auszegruewen. Ronn 6.000 Géigestänn goufe bis ewell um Site fonnt. Den Ament wier een nach net ganz fäerdeg mat den Ausgruewungen. Et kéint een awer ewell ee komplett Bild vun engem fréi-mëttelalterleche Liewensraum zeechnen.
An der Rue Bildchen zu Rolleng, gëtt zanter 2020 eng aussergewéinlech archeologesch Ausgruewung duerchgefouert. D‘Aarbechte vum INRA hunn eng merowengesch Siidlung fräigeluecht, déi an hirer Gréisst an an hirem Zoustand net nëmme fir Lëtzebuerg, mee fir ganz Europa, eenzegaarteg wier. Am Géigesaz zu villen aneren Ausgruewungen an Europa, déi sech meeschtens just op Griewer a vereenzelt Géigestänn baséieren, erlaabt de Site zu Rolleng et, fir eng éischte Kéier ee komplett Duerf aus der Merowenger-Zäit ze analyséieren, wéi d‘Cynthia Colling vum INRA erkläert.
“Dat heescht mir hunn net just kleng Stécker, mee mir kënne wierklech déi ganz strukturell Organisatioun vun de Merowenger hei erfaassen an dat Ganzt dann och besser verstoen a wierklech gesinn, wéi si gelieft hunn, wat si produzéiert hunn, ob si eventuell Handel gedriwwen hu mat iwwerregionale Kontakter asw. Awer och, wat fir eng sozial Strukture si haten, wat fir eng Hierarchie do war a wien dat verwalt huet.”
D’Ausgruewungen um Site, déi mëttlerweil scho sechs Joer amgaange sinn, sinn awer just ee Brochdeel vun der Aarbecht. Ronn 70 Prozent vun der archeologescher Aarbecht spillt sech net um Terrain of, mee an der Analys, der Dokumentatioun an der Auswäertung vun de Géigestänn, éier se dem Public presentéiert ginn. Wéi et an deem Kontext an engem gemeinsame Schreiwes vum Ministère an dem INRA heescht, kéinten d’Géigestänn wéinst hirer Beschafenheet an dem Bauprojet, dee virgesinn ass, net op der Plaz, op där se fonnt goufen, erhale bleiwen. Hir Valoriséierung soll dowéinst duerch eng ëmfaassend Dokumentatioun, wëssenschaftlech Publikatiounen an d’Vermëttlung un de Gand public passéieren.
Bis ewell si ronn 6.000 Géigestänn fonnt ginn, erzielt de Benedikt Zimmer, Techniker vun den Ausgruewungen. Vu Keramikstécker, Schanken, Schläifsteng bis zu Material fir Kleeder hierzestellen.
“Wir haben, das ist das Besondere hier, eine Bandbreite über quasi das gesamte alltägliche Leben der Merowingerzeit und das ist eben das Besondere, da man normalerweise diese Sachen zumeist aus Gräbern kennt, aus Grabkontexten und da ist das ganz große Problem, in Gräbern findet man meistens eine Auswahl. Das heisst die Hinterbliebenen entscheiden, was sie den Verstorbenen mit ins Grab geben möchten. Das muss bei Weitem nicht alles sein, das diese Person im echten Leben besessen hat oder überhaupt benutzt hat.”
Analysen hu gewisen, datt op dëser Plaz wärend méi Joerhonnerte Mënsche gelieft hunn, vun der réimescher Zäit bis an dat fréit Mëttelalter. Wéinst der héijer Komplexitéit vun den ausgegruewene Géigestänn huet d‘Ekipp vum INRA op ënnerschiddlech Methode missen zréckgräifen, sou den Anton Steger, Responsabele vun de Fouillen:
“Im hinteren Bereich hatten wir eine unklare Situation. Da haben sich mehrere Verfärbungen ineinander eingefressen und nach der Absprache mit INRA haben wir sogenannte Schachbrettmuster angewendet auf Ein-Meter-Raster und wir gehen jetzt langsam runter und versuchen unterschiedliche Befundsituationen voneinander zu trennen, um die Situation besser zu erforschen.”
Entdeckt gouf de Site zu Rolleng duerch Sondagen, déi am Virfeld vun engem Bauprojet an der Rue Bildchen, gemaach goufen. D’Decouverte ass en direkt Resultat vun der preventiver Archeologie, déi virgesäit dass Bauprojeten am Virfeld analyséiert ginn, fir ze kucken, ob am Buedem archeologescht Ierwe läit.
Beim INRA geet een dovun aus, bis de Summer komplett mat den Ausgruewunge fäerdeg ze sinn. Duerno kann et da mam Bauprojet an der Rue Bildchen nees virugoen.