
Ob een elo de Kiefer Sutherland als Jack Bauer aus 24, als Tom Kirkman aus Designated Survivor oder aus Hollywood-Filmer wéi The Lost Boys oder Young Guns kennt, säi Gesiicht ass op der ganzer Welt bekannt.
Wat ee villäicht net sou um Radar huet, de Mann kann och Musek maachen a stoung schonn op der éischter Plaz vun de britteschen Americana a Country Charts.
Am Januar kënnt déi nei Plack GREY eraus, mat där de Kiefer Sutherland déi nächst Wochen on Tour ass an och zu Lëtzebuerg Statioun mécht.
Rendez-vous mam Acteur ass schonn de 14. Abrëll an der Hollerecher Strooss am Atelier. De Virverkaf fänkt e Freideg 6. Februar un.